D'Maria Cioncan gebuer den 19.
Juni">19. Juni 1977 zu Maieru a Rumänien, a gestuerwen den 21. Januar 2007 bei Plewen, Bulgarien, war eng rumänesch Liichtathleetin.
Maria Cioncan | |
---|---|
Gebuer | 19. Juni 1977 Maieru |
Gestuerwen | 21. Januar 2007 Plewen |
Doudesursaach | Verkéiersaccident |
Nationalitéit | Rumänien |
Aktivitéit | Mëttelstreckeleefer |
Gréisst | 172 Zentimeter |
Gewiicht | 57 kg |
D'Maria Cioncan war 2003 rumänesch Landesmeeschterin am 800-Meter-Laf, an 2003 an 2004 war se Landesmeeschterin am 1500-Meter-Laf.
Bei den XXVIII. Olympesche Summerspiller 2004 zu Athen krut se mat hirer perséinlecher Beschtzäit, am 1500-Meter-Laf, d'Bronze Medail hanner der Brittin Kelly Holmes (Gold) an der Russin Tatjana Tomaschowa (Sëlwer). Am 800-Meter-Laf gouf se déi siwent.
Um Heemwee vun engem Trainingslager a Griicheland, ass se den 21. Januar 2007 bei engem Autosaccident déidlech verongléckt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Maria Cioncan, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.