D'Maria Ana (Marie-Anne) vu Bragança, och Maria Anna do Carmo de Bragança, gebuer den 13.
Juli">13. Juli 1861 um Schlass Bronnbach an Däitschland, a gestuerwen den 1. August 1942 zu New York, war déi 5. Duechter vum 1834 ofgesate Kinnek Miguel I. vu Portugal a senger Fra, der Adelheid zu Löwenstein-Wertheim-Rosenberg (Wittelsbach).
Maria Ana vu Bragança | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer | 13. Juli 1861 |
Gestuerwen | 31. Juli 1942 New York |
Bestuet mat | Wëllem IV. vu Lëtzebuerg |
Papp | Michel I. vu Portugal |
Geschwëster | María Antonia vu Braganza |
Kanner | Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg |
Den 21. Juni 1893 huet si sech mam Wilhelm vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg bestuet.
Si krute 6 Duechteren, woumat dat protestantescht Haus Nassau zu Lëtzebuerg ausgestuerwen an d'Herrscherhaus kathoulesch ginn ass, wéi dat am Bestietnesvertrag virgesi war:
De 17. November 1905 gouf d'Marie-Anne Grande-duchesse consort. Hire Mann war mat der Gesondheet geplot, a sou iwwerhëlt si den 18. November 1908 a senger Plaz d'Amtsgeschäfter.
Nom Doud vum Wëllem de IV., de 25. Februar 1912, blouf d'Marie-Anne Regentin bis zur Groussjäregkeet vun hirer eelster Duechter, der Marie-Adélaïde. Dës gouf de 15. Juni vum selwechte Joer Groussherzogin.
D'Maria Ana vu Bragança ass 1942 zu New York gestuerwen. Si gouf den 22. Oktober 1947 op Lëtzebuerg iwwerfouert an an der Kathedral an der Stad begruewen.
Commons: Maria Ana vu Bragança (1861) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Maria Ana vu Bragança (1861), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.