De Marcel Erpelding gebuer 1928 zu Wuelper bei Konsdref, a gestuerwen den 29.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Mee">29. Mee 2007 an der Stad Lëtzebuerg war e Politiker a fréiere Buergermeeschter vun der Gemeng Miersch.
Marcel Erpelding | |
---|---|
Gebuer | 1928 |
Gestuerwen | 29. Mee 2007 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Marcel Erpelding huet säi Studium am Iechternacher Kolléisch gemaach an huet 1953 op der ARBED als Employé ugefaangen. 1955 gouf hien Delegéierte vun den ARBED-Beamten an 1961 Generalsekretär.
Vun 1971 bis 1975 war hie Generalsekretär vun der "Entente des Caisses de Maladie des Fonctionnaires et Employés du Luxembourg". Bis 1981 war hien och Member vum Direktiounscomité vun der Union des Caisses de Maladie.
1975 huet den DP – Politiker fir d'éischt bei de Gemengewale kandidéiert. Hie war vun 1976 bis 2003 am Mierscher Gemengerot, vun 1976 bis 1981 als Schäffen, vun 1982 bis 1993 a vun 2000 bis 2003 als Buergermeeschter.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marcel Erpelding, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.