D'Mëttelsteenzäit ass an der Steenzäit déi Epoch genannt, déi nom Enn vun der Alsteenzäit ufänkt (also ongeféier vun 8.000 v. Chr.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Virgeschicht | |||
Holozen | (➚ Fréigeschicht) | ||
Eisenzäit | |||
Spéit Bronzezäit | |||
Mëttel Bronzezäit | |||
Fréi Bronzezäit | |||
Bronzezäit | |||
Koffersteenzäit | |||
Jongsteenzäit | |||
Mëttelsteenzäit Epipaleolithikum | |||
Pleistozen | Jonkpaleolithikum | ||
Mëttelpaleolithikum | |||
Alpaleolithikum | |||
Alsteenzäit | |||
Steenzäit |
un) a bis zum Ufank vun der Jongsteenzäit dauert. Se fänkt awer a verschiddene Géigenden zu verschiddenen Zäitpunkten un.
Sou gëtt et z. B. am Levant just eng kuerz Iwwergankszäit tëscht Al- an Neisteenzäit, déi do och net Mesolithikum, mä Epipaleolithikum genannt gëtt. An anere Géigende vun Nordeuropa huet déi Epoch bis ronn 4.500 v. Chr. gedauert. De Mesolithikum fält mat där Zäit zesummen, wou d'Äis sech zeréckgezunn huet an d'Klima méi waarm gouf, an doduerch bedéngt d'Flora an d'Fauna sech ugepasst hunn. Typesch fir déi Epoch ass klengt Geschier aus Feiersteng (Mikrolithen), déi als Deel vu méi komplexem Geschier, wéi z. B. Seeë gebraucht goufen. D'Mënschen hu sech ëmmer méi doruechter néiergelooss. Verschidden Zorte vu Mikrolythen, déi fonnt goufen, hunn d'Fuerscher dozou bruecht, verschidde Kulturen ze definiéieren. Eng fréi nordeuropäesch Kultur war déi sougenannt Maglemose-Kultur, eng aner, aus méi enger spéider Phas, z. B. d'Ertebölle-Kultur. An der Iwwergankszäit fanne sech éischt Hiweiser op eng "Neolhiséierung": Intentionellt Ubaue vu Planzen, vereenzelt Véizuucht an éischt Keramiken.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mëttelsteenzäit, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.