Film Lumen: Film

Lumen ass e lëtzebuergesch-däitsche Kuerzfilm aus dem Joer 2006.

Lumen
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Däitschland
Première 2006
Dauer 29 min
Format 35 mm, 1:2,35
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Philip Koch
Dréibuch Philip Koch
Fotografie Stefan Linn
Musek Philip Koch
Schnëtt Philip Koch
Produzent Bernard Michaux
Schauspiller
Victoria Deutschmann: Franka
Julia Thurnau: Marie
Luc Feit: Ludwig
André Jung: Paschtouer
Martin Carnevali: Martin
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre
Film Lumen: Ëm wat geet et am Film?, Produktioun, Präisser

En hat de 17. Januar 2007 um Filmfestival Max Ophüls Preis seng Weltpremière, an den 3. Mee 2007 seng Lëtzebuerger Première am Kino Utopia.

Ëm wat geet et am Film?

Lumen erzielt d'Geschicht vun enger jonker Fra, déi eng schwéierer Liichtallergie huet, a gezwongen ass, an engem däischteren Haus ze liewen.

D'Franka lieft mat hirem Papp an hirer grousser Schwëster an dem gemeinsamen Familljenhaus - e Liewe voller Léift, Respekt, a Gebuergenheet, dat et hir méiglech mécht, sech mat hirer schwéierer Krankheet ofzefannen.

Mä mam Doud vum Papp schéngt sech alles z'änneren. D'Haus ass fir déi zwou Diechter ze grouss an ze deier. Dofir entscheet déi grouss Schwëster, d'Haus ze verkafen a mat hirem Frënd, der Franka hirem Dokter, zesummen ze wunnen. Fir d'Franka géif eng Welt zesummebriechen, well domat géif si alles verléiere wat hir an hirem Liewen Halt gouf. D'Franka ass fest decidéiert, alles ze maachen, fir hir Schwëster vum Plang, d'Haus ze verkafen, ewechzebrengen - och wa se dofir Sacrificer aktzeptéiere muss...

Produktioun

Lumen gouf vun der Lucil Film s.à r.l. produzéiert, a Koproduktioun mam Bayeresche Rundfunk, mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Filmfong an dem däitsche Bundesbeauftragten fir Kultur a Medien.

De Film ass am Cinemascope gedréit.

Präisser

De Kameramann Stefan Linn kritt de 2007 fir Lumen den Däitsche Kamerapräis an der Kategorie "Kuerzfilm".

Referenzen

Tags:

Film Lumen Ëm wat geet et am Film?Film Lumen ProduktiounFilm Lumen PräisserFilm LumenKuerzfilm

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

René KollwelterChrëschtlech-Sozial VolleksparteiMartine SolovieffMazedoneschDéi GréngKarel de GroussenMasturbatiounRTL Radio LëtzebuergDPierre FriedenLiège-Bastogne-Liège 2022KachkéisEpicerie Binck am Fond-de-GrasKlitorisClausenSecondairesschoulen zu LëtzebuergCBP QuilvestAlbert BorschetteMinettstramStamm (Biologie)Lucien CzugaJGeorges ChristenDominique LangJules PrussenWhatsAppWolodymyr SelenskyjLaos6. MäerzManneken PisRue MohrfelsD'MargréitchenRomain BauschGustave Serta2. MäerzCharles SubervilleRobert KriepsLex Weyer (1966)Michel LegrandWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Athénée de LuxembourgMeubertAlain AttenPhilippinnenGeorges RavaraniLëtzebuerger Filmpräis 2016HochzäitsnuechtErnst Wilhelm ContzentmxsxRégis MoesJean-Antoine ZinnenFräi WeedJean-Baptiste FresezÄerdbiewenAsienSpack-O-MatDiddelenger SchmelzTelekommunikatiounFrédéric ZeimetKoordinéiert WeltzäitUruguayLyme-BorreliosVorarlbergCathy ClementHypertext Transfer ProtocolOlympesch Wanterspiller 2022Dan SpogenJames II. vun EnglandRobert SchumanFC Syra MensterHuelen ZantCôte de StockeuCôte de la RedouteWebsäitRegierung Bettel-Lenert-BauschFoussball-Weltmeeschterschaft 2006/Costa RicaWikipedia🡆 More