De Lewis Allen Lou Reed, gebuer den 2.
Mäerz">2. Mäerz 1942 zu New York, an och do gestuerwen de 27. Oktober 2013, war en US-amerikanesche Museker a Sänger. Hie war zesumme mam John Cale ee vun den Haaptleit vun der Band The Velvet Underground. Hie war ee vun deenen éischten déi iwwer Sujete wéi Sadomasochismus (Venus in Furs), Transvestismus (Sister Ray) an Transsexualitéit (Lady Godiva's Operation) gesongen huet. Hien hat och groussen Afloss als Gittarist; hien huet dacks mat Effekter wéi Distortion a verzerrte Stëmme geschafft.
Lou Reed | |
---|---|
De Lou Reed (2011) | |
Gebuertsnumm | Lewis Allan Reed |
Gebuer | 2. Mäerz 1942 |
Gestuerwen | 27. Oktober 2013 |
Doudesursaach | Liewerzirros |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Liddermécher, Gittarist, Fotograf, Komponist, Lidderschreiwer, Dichter, Schauspiller, Museksproduzent, Museker, Filmregisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Laurie Anderson |
1970 huet hie Velvet Underground verlooss an eng Solocarrière ugefaangen. Dat selwecht Joer hat hie säi gréisste Single-Hit: Walk on the Wild Side, dat méi spéit um Album Transformer (deen den David Bowie produzéiert hat), erauskoum. Och mat Perfect Day hat hie méi spéit nach en Hit.
Zanterhier huet de Lou Reed reegelméisseg nei Alben erausbruecht. Metal Machine Music vun 1975 ass ee vun deene bekanntsten, well dee voll ass mat loops vu Gittar-Feedbacken, wat e gewësse gudde Wëlle viraussetzt fir en ze lauschteren.
De Reed, dee wärend sengem Liewe vill mat Drogen ze dinn hat, war bestuet mat der Kënschtlerin Laurie Anderson.
Zu Lëtzebuerg ass de Lou Reed déi lescht Kéier de 6. Juni 2012 an der Rockhal opgetrueden.
Commons: Lou Reed – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lou Reed, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.