Kuelestoffmonoxid (och Kuelemonoxid, fréier och Kuelenoxyd) ass eng cheemesch Verbindung aus Kuelestoff a Sauerstoff mat der Formel CO.
Kuelestoffmonoxid ass e faarf-, geroch- a geschmaachlost gëftegt Gas. Et entsteet ënner anerem bei der onvollstänneger Verbrennung vu kuelestoffhaltege Stoffe.
Kuelestoffmonoxid ass brennbar a verbrennt mat enger bloer Flaam zu Kuelestoffdioxid. Als Bestanddeel vum Stadgas gouf et a villen europäesche Länner bis an déi zweet Hallschent vum 20. Joerhonnert als Brenn- a Liichtgas agesat. Zesumme mat Waasserstoff gëtt Kuelestoffmonoxid an der cheemescher Industrie fir d'Hierstellung vu Methanol an anere Grondchemikalie gebraucht.
Commons: Kohlenstoffmonoxid – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kuelestoffmonoxid, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.