D'Kierch zu Alschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Kiischpelt gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Filialkierch vun Alschent (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Alschent | |||
Par | Wooltz Saints-Pierre-et-Paul | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Servatius | |||
Koordinaten | 49° 58’ 12.7’’ N 6° 0’ 30.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Se ass dem Hl. Servatius geweit, deem säi Fest den 13. Mee gefeiert gëtt. Niewepatréinesch ass d'helleg Lucia.
Schonn 1635 gëtt eng Kapell an engem Visitatiounsbericht ernimmt. Bis 1805 huet d'Kapell zur Par vu Pënsch gehéiert, ier si dunn un déi nei Par Mäerkels ugeschloss gouf. Den haitege Kierchebau staamt aus dem Joer 1854.
Den alen Altor mat enger wäertvoller Anna selbdritt-Duerstellung aus dem 16. Joerhonnert kënnt warscheinlech aus der Kapell vum Schibbreger Schlass, déi bis 1843 zu der Par Mäerkels gehéiert huet.
Déi meescht Statue sinn aus dem 17. - 18. Joerhonnert. An de 50er Jore vum leschte Joerhonnert koumen eng Muttergottes vum Albert Kratzenberg an eng helleg Lucia vum Hansen dobäi. De Säitenaltor ass eréischt 1902 entstanen. Op him steet eng wäertvoll Barbarastatu.
1842 ass eng Klack vum Géisser Hemery-Perrin vun Hollerech gegoss ginn, déi dem Hl. Servatius geweit ass. De Banneraum vun der Kierch gouf 2005 renovéiert.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Mäerkels, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Mäerkels huet ausser der Filialkierch vun Alschent och nach d'Parkierch vu Mäerkels gehéiert.
Commons: Kierch Alschent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kierch Alschent, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.