De Joseph (Josy) Schlang, gebuer de 5.
Juni">5. Juni 1924 zu Rodange, a gestuerwen de 24. November 2013, war en Naziaffer am Zweete Weltkrich an ee vun de Wéinegen, déi d'Shoah iwwerlieft haten. Hie war dee leschten iwwerliewende lëtzebuergeschen Zäitzeie vun Auschwitz.
Josy Schlang | |
---|---|
De Josy Schlang, fotograféiert am Nationale Resistenzmusée, de 6. November 2013. | |
Gebuer | 5. Juni 1924 Rodange |
Gestuerwen | 24. November 2013 |
Aktivitéit | Coiffer, Gefaangenen |
Dem Josy Schlang seng Elteren Tobias Schlang an Anna Grunberg waren eng jiddesch Immigrantefamill aus Polen. No senger Kandheet zu Rodange ass en zesumme mat sengen Elteren a senger Schwëster Sophie op Esch-Uelzecht geplënnert, wou hien eng Léier fir Coiffer gemaach huet. No der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940 huet säi Papp wéinst senger jiddescher Relioun d'Aarbecht op der ARBED verluer.
De Josy Schlang war vum 15. September bis de 16. Oktober 1941 am Prisong am Gronn agespaart. Duerno gouf e mat sengen Elteren a mat senger Schwëster fir d'éischt an de Ghetto Litzmannstadt deportéiert. Seng Famill gouf wuel tëscht Januar a Mee 1942 zu Chelmno vergaast, zesumme mat ronn 55.000 anere Leit, déi vu Litzmannstadt dohibruecht goufen. Fir u si z'erënnere goufen am Abrëll 2021 dräi sougenannt Stolpersteine virun hirem Haus zu Esch geluecht.
De Josy Schlang ass an d'Reichsautobahnlager vun Żabikowo (haut Luboń) komm, wou hien e Joer laang am "Supp" Zwangsaarbecht huet misse maachen. 1943 ass en dunn an d'Aarbechtlager Monowitz vum KZ Auschwitz verluecht ginn. Hien huet och am Kommando Kanada vum Camp Auschwitz-Birkenau geschafft an dunn zu Sosnowitz. Wéi Auschwitz am Januar/Februar 1945 evakuéiert gouf, well d'Rout Arméi ëmmer méi no koum, ass de Josy Schlang an d'KZ Mauthausen deportéiert ginn. Hie gouf de 5. Mee 1945 befreit an ass no sengem Calvaire als eenzegen Iwwerliewende vu senger Famill am September 1945 op Lëtzebuerg zeréckkomm.
Hien huet duerno op der Schmelz geschafft, sech bestuet an eng Famill gegrënnt. Wéi e pensionéiert war, huet e bis e puer Joer viru sengem Doud als Benevole am Nationale Resistenzmusée zu Esch geschafft, wou e Besuchsgruppe seng Erliefnesser erzielt huet. Seng lescht Joren huet hien zu Beetebuerg an engem Fleegeheem verbruecht.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Josy Schlang, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.