De Bouneweger Lycée Luxembourg (ursprénglech Lycée technique de Bonnevoie, kuerz LTB) ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaires– an Héichschoul an der Stad Lëtzebuerg, déi am Quartier Bouneweg-Süd läit.
D'Entrée vum LTB (2022) | |
Typ | Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul |
---|---|
Regimm | General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur |
Land | Lëtzebuerg |
Adress | 119 Rue du Cimetière, L-1338 Lëtzebuerg |
Leedung | Mike Borschette |
Schülerzuel | 1.291 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur |
Gegrënnt | 2. Dezember 1983 |
Genannt no | Bouneweg |
Um Spaweck | https://www.bounewegerlycee.lu/ |
Den 19. Dezember 1953 ass d'Gesetz iwwer d'Beruffsausbildung a Kraaft getrueden. Op Basis vun deem Gesetz ass mam Arrêté ministériel vum 5. Mäerz 1975 um Verluerekascht an der Stad eng Annexe vum Centre d'enseignement professionnel de Luxembourg, der Stater Beruffsschoul, an d'Liewe geruff ginn. Dës Annexe gouf an de Gebaier (Villa Hartmann) vun der Asbl Institut Sainte-Marie – tëscht der Rue Émile-Mayrisch an dem Boulevard Général Patton – installéiert. D'Haushaltsschoul (École professionnelle et ménagère Ste-Marie) déi bis dohin do bestanen huet, gouf an d'Annexe vun der Beruffsschoul integréiert. 398 Schüler an 48 Léierpersoune waren uganks an der Annexe. De Lëtzebuerger Staat hat d'Gebaier am Ufank gelount, huet se awer duerno kaaft, deelweis ëmgeännert an erweidert.
Iwwer d'Joren huet sech erausgestallt, datt déi Infrastrukturen net adaptéiert waren, fir eng ëmmer méi grouss Zuel vu Schüler ënnerzekréien.
Duerch e Gesetz vum 2. Dezember 1983 gouf e fënneften technesche Lycée um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg an d'Liewe geruff, dee mam groussherzogleche Reglement vum 15. Februar 1984 den Numm « Lycée technique de Bonnevoie » krut.
D'Regierung krut duerch d'Gesetz vum 22. Juni 1984 d'Erlabnes fir en technesche Lycée zu Bouneweg ze bauen. D'Pläng, déi an engem Concours zeréckgehale goufen, waren déi vum Atelier a + u (Edmond Decker, Martin Lammar, René Massard).
D'Gebai huet 40 Klassesäll, plus aacht fir spezialiséiert Coursen (Daktylographie, Physik, Biologie, Informatik), eng Dosen Ateliere fir d'praktesch Ausbildung (Mechanik, Elektrotechnik, Bitzen, Kachen, e Restaurant, eng Bäckerei an eng Metzlerei, souwéi eng Sportshal.
Mat der Rentrée 1989/90 hunn d'Coursen am Gebai an der Kierfechtstrooss ugefaangen. Den …[Wéini ?] 1989 gouf d'Gebai, dat 1,015 Milliarde Lëtzebuerger Frang kascht huet, ageweit.
Virum Gebai gouf eng Monumentalskulptur vum Jeannot Bewing, YBGA genannt, installéiert.
Mam Groussherzogleche Reglement vum 29. Mäerz 2024 krut de Lycée dunn den neien Numm „Bouneweger Lycée Luxembourg“.
Am Bouneweger Lycée kann ee follgend Formatioune maachen:
Dessinateur et constructeur sur métal
Commons: Bouneweger Lycée – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Lycée technique de Bonnevoie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.