Den John Broughton ass en australeschen Amateurastronom.
John Broughton | |
---|---|
Gebuer | 1952 Sydney |
Nationalitéit | Australien |
Aktivitéit | Astronom |
De Broughton mécht a sengem privaten Observatoire, dem Reedy-Creek-Observatoire am Queensland, an Australien, automatiséiert Duerchmusterunge vum Nuetshimmel mat CCD-Kameraen.
Dobäi huet en tëscht 1997 an 2008 méi wéi 1000 Asteroiden souwéi d'Koméite P/2005 T5 (Broughton) an C/2006 OF2 (Broughton) entdeckt.
2004 huet de Broughton den äerdnoen Objet (NEO) 2004 GA1 entdeckt. Et huet sech dobäi ëm déi éischt Entdeckung vun engem massiven a fir d'Äerd potentiell geféierlechen Himmelskierper gehandelt, déi vun engem Amateurastronom gemaach gouf. Dofir gouf hien am Joer 2006 mam Edgar Wilson Award ausgezeechent.
De Broughton entwéckelt och d'EDV-Programmer Scantracker a Scanalyser fir d'Berechnung vu Stärebedeckungen duerch Asteroiden.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article John Broughton, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.