Jelena JK Karleuša (kyr.
Јелена Карлеуша, gebuer de 17. August 1978 zu Belgrad, ass eng serbesch Popsängerin.
Jelena Karleuša | |
---|---|
Gebuertsnumm | Јелена Карлеуша |
Gebuer | 17. August 1978 Belgrad |
Nationalitéit | Serbien |
Aktivitéit | Sänger, Kolumnist, Moudendesigner, Museker, Discographesche Kënschtler |
1995 huet si mat nëmme 16 Joer hiren éischten Album Ogledalce fir d'Plackefirma Diskos opgeholl. Et war direkt en Erfolleg mat méi wéi 100.000 verkaaften Exemplaren. Zanterhier hat si nach méi wéi een Nummer Eent Hit, déi meschten dovu geschriwwe vum Marina Tucaković. Vun hirem "Best of" Album Zovem se Jelena goufe méi wéi 250.000 Stéck verkaaft.
Enn 1999 huet si mat hirem fënneften Album Gili, gili hir Musekrichtung geännert, wat awer ganz gutt beim Publikum ukomm ass. Bis 2008 huet se zéng Albumen an dräizéng Videoclipen erausbruecht, déi sech all ganz gutt an den Charts vu Serbien, Montenegro an anere Nopeschlänner placéiere konnten.
D'Jelena Karleuša ass d'Duechter vun der Fernseemoderatorin Divna Karleuša a vun engem héije Sécherheetsbeamten am serbeschen Inneministère.
2005 huet si den Ierwe vum Karić-Wirtschaftskonglomerat Bojan Karić bestuet, mä dat Bestietnes gouf schonn no nëmme véier Méint gescheet. Duerno huet se mam Foussballspiller Duško Tošić vum SV Werder Bremen gefrien, fir dee s'an Däitschland geplënnert ass an dee se och den 28. Juni 2008 bestuet huet. De 7. September 2008 koum hiert gemeinsaamt Meedchen Atina op d'Welt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jelena Karleuša, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.