Jarosław Kaczyński: Polnesche Politiker

De Jarosław Aleksander Kaczyński, gebuer den 18.

Juni">18. Juni 1949 zu Warschau, ass e polnesche Politiker.

Jarosław Kaczyński
Jarosław Kaczyński: Polnesche Politiker
Gebuertsnumm Jarosław Aleksander Kaczyński
Pseudonym Stanisław Staszek
Gebuer 18. Juni 1949
Warschau
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Schauspiller, Jurist, Gewerkschaftler
Partei Recht a Gerechtegkeet
Famill
Papp Rajmund Kaczyński
Geschwëster Lech Kaczyński
Jarosław Kaczyński: Polnesche Politiker

Hien ass de President vun der Partei Recht a Justiz (PiS) a war, vum 10. Juli 2006 bis de 5. November 2007, Premierminister vu sengem Land. Am Juni/Juli 2010 war hie Kandidat fir d'Presidentschaft vu Polen, huet d'Walen awer knapps géint de Bronislaw Komorowski verluer.

De Jarosław Kaczyński ass den eeneeëgen Zwillingsbrudder vum Lech Kaczyński, deen, wéi e President vu Pole war, am Abrëll 2010 bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe koum. Si goufen allebéid schonn als Kanner bekannt, wéi s'am Film "Déi Zwéin, déi de Mound geklaut hunn" d'Haaptroll haten. De Jarosław Kaczyński huet Droit studéiert a war an den 1970er Joren aktiv am Comité fir d'Verdeedegung vun den Aarbechter (KOR) a spéider an der Gewerkschaft Solidarność.

Vun 1989 bis 1991 war e Senator a Kabinettschef vum Lech Wałęsa. 1990 huet e mat sengem Brudder eng nei Partei, Porozumienie Centrum (PC), gegrënnt a gouf fir si 1991 an d'Parlament gewielt. 1993 ass dës un der 5%-Barriär hänke bliwwen a war net méi am Parlament vertrueden. 1997 gouf en enger anerer Lescht, där vun der Beweegung fir den Neiopbau vu Polen, nees an d'Parlament gewielt.

2001, huet e mat sengem Brudder d'Partei Prawo i Sprawiedliwość (PiS, "Recht a Justiz") gegrënnt, gouf dat selwecht Joer op hirer Lëscht an d'Parlament gewielt an 2003 hire President.

Um Spaweck

Commons: Jarosław Kaczyński – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

18. Juni1949PolenWarschau

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Supreme Court of the United StatesMeesebuergDebbie Lee CarringtonMaggie ParkeInternet service providerKnuedlerJangli1790MaliÉislekMario BavaWikimediaSambiaDiddelengEeschelerJacques Chirac112 (Europäeschen Noutruff)Spencer DavisRobert HosseinJohann Wolfgang von GoetheKasachstan7Johannes Meyer (Filmregisseur)Fernand WarkGeodesieKilimanjaroMetabolismusCodenumm MelusinaSkypeDean JonesJoseph-Louis LagrangeGemeng RëmelengOlympionikVerkéiershiwäisschëldLycée Guillaume-Kroll1838Apollo (Mythologie)KommunismusNApple iPhoneGerlinde LockerPierre BiermannRené KollwelterChukwaAva Gardner2006238 v. Chr.MesopotamienLëtzebuerger Natur- a VulleschutzligaHenri NeumanThéiwesburIsraelJuniMargaret ThatcherWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)LiichtmëssdagAsienInternetKouertEuroJacquerieHinduismusAtlanteschen HierkÄishockey1970🡆 More