D'Jamala, ukr.
August">27. August 1983 zu Osch a Kirgisistan, ass eng ukrainesch Sängerin vu krimtatarescher Ethnie. Se huet fir d'Ukrain den Eurovision Song Contest 2016 zu Stockholm gewonnen.
Jamala | |
---|---|
Gebuertsnumm | Сусана Алімівна Джамаладінова |
Gebuer | 27. August 1983 |
Nationalitéit | Ukrain |
Aktivitéit | Operesänger, Lidderschreiwer |
D'Susana Djamaladinowa ass zu Osch a Kirgisistan an zu Aluschta op der Hallefinsel Krim opgewuess. 1944 goufen hir Virfahre wéi all Krimtataren ënner dem sowjeteschen Diktator Josef Stalin vun der Krim an Zentralasien verdriwwen. No der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 koumen hir Elteren op d'Krim zeréck. Hire Papp ass Krimtatar a wéi si Moslem, wärend hir Mamm Chrëschtin vun armeenescher Originn ass.
D'Jamala ass Spinto-Sopranistin an aktiv an den Genren Jazz, Soul, R&B a Weltmusek, mat klasseschen a Gospel-Elementer.
Bekannt gouf se virun allem duerch en Optrëtt beim New Wave Festival 2009 am lettesche Jūrmala, wou se e Spezialpräis fir hir aussergewéinlech stëmmlech Fäegkeeten an hir Wandelfäegkeet bannent de Genre krut.
2011 ass se déi éischte Kéier mat dem Titel Smile bei der ukrainescher Virentscheedung fir den ESC zu Düsseldorf ugetrueden an an der Finall op déi drëtte Plaz komm.
2016 huet se nach eng Kéier bei der ukrainescher Virentscheedung matgemaach an d'Finall mat dem Titel 1944, enger Uspillung op eeben dat Joer, an dem de Stalin d'Krimtataren an Zentralasien deportéiere gelooss huet, gewonnen. Am Text geet se op déi verluere Kandheet an der Heemecht an dat grujelegt Behuele vun de Sowjets an.
Joer | Titel | Album |
---|---|---|
2010 | You Are Made of Love | For Every Heart |
It's Me, Jamala | ||
Smile | ||
2012 | Я Люблю Тебя | All or Nothing |
Hurt | ||
2013 | Кактус | |
2014 | Заплуталась | Thank You |
Злива | (op kengem Album) | |
Чому? | ||
2015 | Очима | Подих |
Шлях додому | ||
Подих | ||
2016 | "1944" | (op kengem Album) |
Commons: Jamala – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jamala, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.