Inflight ass d'Bordzäitschrëft vun der lëtzebuergescher Fluchgesellschaft Luxair.
Éischt Ausgab | 1975 als Flydoscope 2021 als Inflight |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten | Reesen, Lifestyle, Wirtschaft |
Editiounshaus | Maison Moderne |
D'Artikelen an Inflight sinn entweeder op Franséisch oder op Englesch, an e puer Artikele sinn och a béide Sproochen.
D'Bordzäitschrëft vun der Luxair gouf 1975 lancéiert, ënnert dem Titel Flydoscope. Deemools war se nach dräisproocheg, op Franséisch, Däitsch an Englesch. Vun 1986 u gouf d'Zäitschrëft op méi déckem a blénkegem Pabeier gedréckt, an all d'Texter goufen ofwiesselend just nach an enger Sprooch geschriwwen, entweeder Däitsch oder Franséisch.
1991 huet de Roger Leiner fir d'éischt Kéier e Luxair-Comic am Flydoscope verëffentlecht, wat hie wärend laange Joren duerno weider gemaach huet.
Vun 2005 u gouf Flydoscope vu Maison Moderne publizéiert, fënnef Mol am Joer. 2012 hat Flydoscope mat enger Oplo vun 30.000 Exemplairen eng Lieserschaft vu 60.600 Leit.
2021 huet den Numm vun der Zäitschrëft geännert. Si gouf an Inflight ëmbenannt. Zënterhier handelt et sech ëm eng Kollaboratioun vun der Luxair mat Paperjam an Delano.
Inflight ass online, an op Pabeier an all de Luxair-Fligeren an um Lëtzebuerger Fluchhafen disponibel.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Inflight, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.