En Haus ass e Gebai, an deem Mënsche liewen oder schaffen, d. h.
e Wunngebai oder e Büros- respektiv Geschäftsgebai.
Ëmgankssproochlech ass et also bal e Synonym fir de Begrëff Gebai, wat ee gutt um funktiounsongebonnenem Wuert Héichhaus gesäit, mä et géif awer gezéckt ginn e Fabriksgebai, e groussen Akafszentrum, e Spidol oder e Parkhaus (obwuel "-haus" dran ass) als Haus ze gesinn.
Als eegestännege Begrëff gëtt Haus effektiv virun allem fir e Gebai mat Wunnfunktioun gebraucht, wat vu rudimentären Hütten oder Baracke bis hin zu Héichhaiser mat enger Abberzuel Wunnenge goe kann. Am Sënn vum doheem ass de Begrëff och enk mam Stot verbonnen, an et war viraals mam Hausnumm alt souguer d'Haus wat d'Famill déi dra gewunnt huet charakteriséiert huet.
Haiser ënnerscheede sech no hirem Haustyp (z. B. Reienhaus, Méifamilljenhaus, Eefamilljenhaus), hirem Konstruktiounsmaterial (z. B. Holzhaus, Fachwierkhaus, Steenhaus, Zillenhaus, Betongshaus, Wellblechhaus) an dacks och no hirem Energiestandard (z. B. Passivhaus, Niddregenergiehaus).
Commons: Haiser – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Haus, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.