De Guido Pieter Theodorus Josephus Gezelle, gebuer den 1.
Mee">1. Mee 1830 zu Bruges an och do de 27. November 1899 gestuerwen, war e belschen Dichter. Hie gëllt als dee bedeitendste flämeschsproochegen Dichter vum 19. Joerhonnert.
Guido Gezelle | |
---|---|
Gebuertsnumm | Guido Pieter Theodorus Josephus Gezelle |
Pseudonym | Spoker, Trim, W(est) Vl(aming), Loquela |
Gebuer | 1. Mee 1830 Bruges |
Gestuerwen | 27. November 1899 Bruges |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Dichter, Schoulmeeschter, Schrëftsteller, kathoulesche Priister, Philolog, Spiritual, Professer, Iwwersetzer, Redakter |
Member vun | Comité flamand de France |
Hie war kathoulesche Paschtouer, an huet och als Schoulmeeschter geschafft. Hien huet laang zu Kortrijk gewunnt.
De Gezelle huet sech Zäit senges Liewens fir d'Flämescht agesat. Säi Wierk Kerkhofblommen (Kierfechtsblummen, 1858) gouf den Ausgangspunkt vum Renouveau vun der flämescher Lyrik. A senge Gedichter huet de Gezelle déi traditionell hollännesch Literatursprooch mat sengem eegenen Dialekt, dem Westvlaams, verbonnen. Vill dervun haten Observatioune vun der Natur oder reliéis Gefiller als Theema. Vum Stil hier ware seng Gedichter awer manner konservativ, de Gezelle huet mat neie Vers- a Stropheformen, Neologismen, Widderhuelungen an Onomatopeeën experimentéiert.
Méi spéit huet hien och Essaye geschriwwen an Iwwersetzunge gemaach.
De Guido Gezelle war zu Lëtzebuerg bekannt, well säi Portrait um leschte belsche 5000-Frang-Biljee (aus der virleschter Serie virum Euro) ze gesi war.
Commons: Guido Gezelle – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Guido Gezelle, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.