De Gabriel Attal, gebuer de 16.
Mäerz">16. Mäerz 1989 zu Clamart, am Departement Hauts-de-Seine, ass e franséische Politiker (Renaissance). Hien ass zanter dem 9. Januar 2024 Premierminister vun der Franséischer Republik.
Gabriel Attal | |
---|---|
Gebuer | 16. Mäerz 1989 Clamart |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Institut d'études politiques de Paris, Universitéit Panthéon-Assas, École alsacienne |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Renaissance, Parti socialiste |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Stéphane Séjourné |
Papp | Yves Attal |
Mamm | Marie de Couriss |
Virdru war hie vu Juli 2020 bis Mee 2022 Porte-parole vun der Regierung, dono Delegéierte Budgetsminister am Finanz- a Wirtschaftsministère, an da vu Juli 2023 bis Januar 2024 Bildungsminister ënner der Premierministesch Elisabeth Borne, där hiren Nofollger en ass.
Hie war vun 2006 bis 2016 Member vum Parti socialiste (PS), 2017 gouf hie Member vun En Marche !. Vun 2012 bis 2017 war hie Conseiller a Riedeschreiwert am Cabinet vun der Sozial- a Gesondheetsministesch Marisol Touraine (PS). 2014 gouf hien an de Gemengerot vu Vanves gewielt.
Commons: Gabriel Attal – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Gabriel Attal, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.