Den Eusébio da Silva Ferreira, gebuer de 5.
oder 25. Januar 1942 zu Lourenço Marques am Mosambik a gestuerwen de 5. Januar 2014 zu Lissabon, war e portugisesche Foussballspiller.
Eusébio | |
---|---|
Gebuertsnumm | Eusebio da Silva Ferreira |
Gebuer | 25. Januar 1942 Maputo |
Gestuerwen | 5. Januar 2014 Lissabon |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Portugal |
Aktivitéit | Foussballspiller, Sportler |
Positioun oder Spezialitéit | Stiermer |
Gréisst | 175 Zentimeter |
Gewiicht | 73 kg |
Veräin/Ekipp | SL Benfica, Portugisesch Foussballnationalekipp |
Als Uspillung op seng kazenaarteg Spillweis gouf den Eusébio vum englesche Journalist Desmond Hackett "Pantera Negra" (Schwaarze Panther) genannt. Hien huet zu de golgeféierlechste Stiermer vun der Foussballgeschicht gehéiert a war dat gréisst Sportleridol vu Portugal. 15 Joer laang huet e fir Benfica Lissabon gespillt an dem Klub seng bis ewell erfollegräichst Ära geschenkt (ë. a. zéngmol Meeschter, fënnef Pokalvictoiren an eemol Gewënner vum Europapokal vun de Landesmeeschter). Mat 474 Flichtspillgoler hält e bei Benfica de Rekord.
Bei der Weltmeeschterschaft 1966 war den Eusébio mat néng Goler bei wäitem dee beschte Spiller vum Turnéier, an en huet sengem Land sou op d'mannst nach déi drëtt Plaz geséchert.
Commons: Eusébio – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Eusébio, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.