Eurovision Song Contest 1960

De 5.

5. Eurovision Song Contest
Datum 29. Mäerz 1960
Stad London (Groussbritannien)
Gebai Royal Festival Hall
Gewënner Jacqueline Boyer (Frankräich)
Zuel vu Länner 13
Nei Participatiounen Norwegen
Moderatioun Katie Boyle
Interval Act Eric Robinson Orchester
Ofstëmmungsreegel A jiddwer Land souzen zéng Jurymemberen. Jiddwer Member huet mat engem Punkt fir een Titel ofgestëmmt.

Eurovision Song Contest (offiziell den Eurovision Song Contest Grand Prix), war den 29. Mäerz 1960 a Groussbritannien. Organiséiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am Royal Festival Hall zu London. Presantatrice war d'Katie Boyle. D'Eurovision ass zu London organiséiert ginn, obwuel am Fong Holland un der Rei gewiescht wier well et dat Joer virdru gewonnen hat. Well d'Hollänner awer net sou kuerz hannerenee wollten d'Organisatioun iwwerhuelen, ass decidéiert ginn de Grand Prix zu London ofzehalen.

Eurovision Song Contest 1960
Royal Festival Hall, London

Eng nei Natioun, Norwegen, war derbäikomm. Lëtzebuerg hat dat Joer och nees matgemaach, nodeem et dat Joer virdrun eng Paus ageluecht hat. D'Zuel vun de Länner ass dofir op 13 eropgaangen.

Et gouf ofgestëmmt wéi déi Jore virdrun: An all Land souzen 10 Jurysmemberen, déi jeeweils eng Stëmm ze verginn haten. D'Resultater goufen telefonesch an ëffentlech op Cannes iwwermëttelt.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vu Frankräich, d'Jacqueline Boyer mat 7 Punkte Virsprong virum Bryan Johnson (Groussbritannien). Déi drëtt Plaz krut de François Deguelt, dee fir Monaco ugetruede war.

Klassement

Plaz Land Interpret Titel Punkten
1. Frankräich Jacqueline Boyer Tom Pillibi 32
2. Groussbritannien Bryan Johnson Looking High, High, High 25
3. Monaco François Deguelt Ce soir-là 15
4. Norwegen Nora Brockstedt Voi voi 11
4. Däitschland Wyn Hoop Bonne nuit, ma chérie 11
6. Belsch Fud Leclerc Mon amour pour toi 9
7. Éisträich Harry Winter Du hast mich so fasziniert 6
8. Schwäiz Anita Traversi Cielo e terra 5
8. Italien Renato Rascel Romantica 5
10. Schweden Siw Malmkvist Alla andra får varann 4
10. Dänemark Katy Bødtger Det var en yndig tid 4
12. Holland Rudi Carrell Wat een geluk 2
13. Lëtzebuerg Camillo Felgen Sou laang wéi s du do bass 1

Um Spaweck

Cannes (Frankräich) Eurovision Song Contest 1960  Cannes (Frankräich)
ESC 1959 Eurovision Song Contest ESC 1961

Tags:

196029. MäerzLondonVereenegt Kinnekräich

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

LiddJangliJazzMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Charles Muller73IrakClaudia MontiJoanne GoebbelsNHaaptsäitRue du Rost1864Larisa FaberSylvia SymsÉislekZwitterSpencer Gordon BennetHämelmaous-LéidFrançois-Émile MajerusConcord CoachJulie SchroellIngeborg Bachmann - Reise in die Wüste1935Gemeng (Lëtzebuerg)MutfertF7AutoWolfgang KielingMWikipediaLëtzebuergeschFernand WarkDäitschFernand MertensMarianne Brosius-KolberRusslandRegierung Bettel-SchneiderDennis HastertThierry MerschBakteerienMarie Luise Kaschnitz1947CocktailAmedeo Modigliani26Steve ThullGemeng DéifferdengNGC 4216MammerentAndy BauschDéi GréngOrdre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg1927Konter a MattMarcel Cahen1805Quadratkilometer8LatexgezeiLe jeu des sept erreursISBNStater TramLaos59🡆 More