Eng Diözees, och nach Bistum genannt, ass e Verwaltungsbezierk an der kathoulescher Kierch op engem territorial ofgegrenzte Raum.
De Begrëff Diözees kënnt vun Opdeelung vum Réimesche Räich an Diözeesen hir a bezitt sech op de geographesche Raum mat de Gleewegen. De Begrëff Bistum bezitt sech éischter op d'Verwaltung vun deem Gebitt fir dat e Bëschof zoustänneg ass.
Zanter 1870 ass den Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg identesch mat der Diözees Lëtzebuerg. Am Joer 1873 huet de Lëtzebuerger Staat d'Diözees och unerkannt. Eréischt zanter 1981 ass de Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public. Am Joer 1988 huet de Poopst Jean-Paul II. d'Diözees Lëtzebuerg zu enger Äerzdiözees respektiv Äerzbistum erhuewen an domat de Bëschof zu engem Äerzbëschof.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Diözees, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.