De Bistum Lëtzebuerg ass 1870 als en onofhängege Bistum gegrënnt ginn, deen direkt dem Hellege Stull ënnersteet, nodeem schonn 1840 en eegestännegt apostoulescht Vikariat geschaf gouf, dat de Grenze vum Groussherzogtum Lëtzebuerg vun 1839 entsprach huet.
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Am Joer 1873 huet de Lëtzebuerger Staat d'Diözees Lëtzebuerg och unerkannt. Eréischt zanter 1981 ass de Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public.
Lëtzebuerg ass vum Poopst Jean-Paul II. 1988 zu enger Äerzdiözees erhuewe ginn; den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ass zanter 2011 de Jean-Claude Hollerich.
D'Äerzbistum Lëtzebuerg ass zanter dem 17. Abrëll 2017 a sechs Dekanater an an 33 Paren opgedeelt.
Iwwer dat ganzt Joer 2020 huet d'Äerzbistum 150 Joer Diözees gefeiert. An 20 Wegmarken aus dem Diözesanarchiv gi kommentéiert Dokumenter verëffentlecht, déi d'Geschicht vun der Entsteeung vum Bistum tëschent 1801 an 1870 dokumentéieren.
D'Nuntiatur fir Lëtzebuerg gouf 1910 als Internuntiatur gegrënnt, dunn den 9. Mee 1969 an de Rang vun enger Nuntiatur versat. Bis haut gëtt Lëtzebuerg vum apostouleschen Nuntius aus der Belsch mat verwalt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Äerzbistum Lëtzebuerg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.