Deep Impact ass eng Raumsond vun der NASA, déi d'Zesummesetzung vum Kär vum Koméit Tempel 1 erfuersche soll.
De 4. Juli 2005 ass den Impakter, dee vun der Raumsond ofgeschoss gouf, an de Koméit geschloen an huet dobäi e Krater gemaach, deem säi geschaten Duerchmiesser tëscht 100 an 250 m a seng Déift bei ronn 30 m läit. Dobäi goufen en ettlech Tonne Material aus dem Koméit sengem Ënnergrond erausgeschleidert.
Sou konnte spektrokopesch Studie gemaach ginn an d'Zesummesetzung vum Koméit erfaasst ginn.
Et goung awer och nach drëm d'Effeten erauszefannen an ze moossen, déi sou en Opschlag op e Koméit oder Meteor kann hunn, fir eventuell sou Objeten, déi der Äerd ze no kommen, deviéieren ze kënnen.
Commons: Deep Impact – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Deep Impact (Raumsond), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.