De Count Basie (fir richteg William Allen Basie), gebuer den 21.
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
August">21. August 1904 zu Red Bank, New Jersey a gestuerwen de 26. Abrëll 1984 zu Hollywood, Florida, war en US-amerikaneschen Jazz-Pianist, Organist, Komponist an ee vun de bedeitendste Bandleader vum Swing.
Count Basie | |
---|---|
Gebuertsnumm | William James Basie |
Gebuer | 21. August 1904 |
Gestuerwen | 26. Abrëll 1984 |
Doudesursaach | Bauchspäicheldrüsekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Pianist, Bandleader, Dirigent, Komponist, Autobiograph, Schauspiller, Jazzmuseker, Lidderschreiwer, Organist |
De Basie gouf als leschte vun de grousse Pianisten-Bandleader populär. Bal 50 Joer laang stoung hien un der Spëtzt vum Count Basie Orchestra, duerch dee vill Museker bekannt goufen, wéi d'Tenorsaxophoniste Lester Young an Herschel Evans, an d'Trompetiste Buck Clayton a Sweets Edison, a mat deem vill Sänger opgetruede sinn, wéi de Jimmy Rushing, d'Helen Humes, de Joe Williams, de Frank Sinatra, d'Judy Garland, de Bing Crosby, d'Ella Fitzgerald, den Tony Bennett an de Sammy Davis Jr.1980 hat hie seng lescht Europa-Tournée.
Hie krut 9 Grammyen a gouf 1985, fir säi Liewenswierk, posthum vum Ronald Reagan mat der Presidential Medal of Freedom ausgezeechent. Véier vu sengen Titele goufen an d'Grammy Hall of Fame opgeholl.
Commons: Count Basie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Count Basie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.