D'Buerg Beefort, an engem Dall südlech vun der Uertschaft Beefort geleeën, ass tëscht dem 11.
Joerhonnert">11. an dem 17. Joerhonnert gebaut ginn.
Typ | Buerg, Ruin |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Beefort |
Plaz | Beefort |
Koordinaten | 49°50'0,96"N, 6°17'11,85"O |
Statut | Klasséiert Monument |
Am 11. Joerhonnert gouf op engem Fielsvirsprong e Wunngebai mat enger Befestegungsmauer ronderëm säin Haff gebaut . D'Plaz louch um Verkéierswee tëscht Waasserbëlleg an Dikrech. Eng honnert Joer méi spéit gouf e romanesche Wunntuerm gebaut an e weideren Haff mat enger Mauer ugeluecht. 1192 gouf eng éischt Kéier an engem Dokument vun der Herrschaft Belfurt rieds; aus där Famill gouf et puer Mönchen am Klouschter Iechternach. 1386 (oder 1388) stierft mam Walter V. dee leschte Member vun där Famill an d'Buerg (an d'Herrschaft) geet un d'Tréierer Famill von Orley iwwer. An där Zäit gouf d'Buerg och vergréissert, an d'Festunge verstäerkt. Déi Zäit duerno hunn 2 Famillen an der Anlag, an zwee veschiddene Wunntrakten, gewunnt. 1526 gouf d'Famill von Velbrück neie Meeschter, mä an de ronn honnert Joer duerno huet d'Buerg e puermol hire Proprietär gewiesselt.
1639 huet de Jean de Beck d'Anlag kaf. Hien huet d'Buerg ausbaue gelooss, mä gläichzäiteg och niewendrun en neit Schlass, d'Schlass Beefort, baue gelooss.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass Beefort.
Zanter datt d'Schlass gebaut war, gouf d'Buerg ëmmer manner bewunnt. Am 19. Joerhonnert war se just nach eng Ruin a gouf als Steebroch benotzt.
D'Famill Even, déi d'Areal 1892 kaf huet, an déi schonn zanter 1811 eng Zort Verwalter do waren, hunn d'Ruin 1928 fräigeluecht a se zanter 1932 dem Public zougänglech gemaach. Vun 1875-1921 war eng Konservefabréck am Haff, vun där haut näischt méi ze gesinn ass.
1981 sinn d'Buerg an d'Schlass un de Lëtzebuerger Staat verkaf ginn. Zanter 1988 si béid Gebailechkeeten op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
Enn Juli 2021 ass no enger Period mat villem Reen en Deel vun der baussenzegster Mauer am ënneschten Haff an e Koup gefall. De Schued gouf op 200.000 bis 250.000 Euro geschat.
Commons: Buerg Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Buerg Beefort, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.