D'Bluttbuch vu Boufer war eng bemierkenwäert Bluttbuch (Fagus sylvaticus L.
cv. purpurea), déi virum Altersheem am Park zu Boufer stoung.
Bluttbuch zu Boufer | |
---|---|
D'Bluttbuch am Fréijoer, vum Altersheem aus gesinn. Am Hannergrond: d'Boufer Kierch. (Mee 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Luerenzweiler |
Plaz | Boufer |
Koordinaten | 49°41'20,000"N, 6°8'21,001"O |
Status | Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter |
Zerstéiert | 2022 |
Si ass 2022 ewechgeholl ginn.
Si huet, wéi se nach stoung, als déi schéinst Bluttbuch zu Lëtzebuerg gegollt an ass duerch hir gewalteg a gutt proportionéiert Kroun opgefall. Schonn op enger Héicht vun 2 m hu sech d'Äscht a voller Breet ausgestreckt. Op enger Héicht vu ronn 1 m ass e 'Rëss' ronderëm de Stamm gelaf, warscheinlech den Usaz wou d'Kroun opgeprafft gouf (Modert 1962).
D'Buch stoung an enger klenger Sank déi fir si beim Bau vum Altersheem amenagéiert gouf.
D'Bluttbuch zu Boufer stoung um Inventaire supplémentaire des monuments nationaux (arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974).
De Bam huet sech follgendermoossen entwéckelt:
Joer | |||
---|---|---|---|
1958 | 5,00 | 1,59 | |
1980 | 5,60 | 1,78 | 25,00 |
2000 | 30,00 |
2022 gouf d'Bluttbuch gefällt. Si ass och net méi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter ze fannen.
Am Boufer Park sti follgend aner al bemierkenswäert Beem:
Commons: Bluttbuch zu Boufer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bluttbuch zu Boufer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.