De Bauchdanz ass en Danz, dee meeschtens vu Fraen a spezielle Kostümer zu orientalescher Musek presentéiert gëtt.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Bezeechnung "Bauchdanz" staamt wuel vun de franséische Schrëftsteller Émile Zola a Gustave Flaubert ("danse du ventre") a reduzéiert fälschlech d'Diversitéit vum Danz an d'Kënne vun den Dänzerinnen op de Bauch, respektiv d'Hëffen an den Hënner. Wéi bei allen Dänz ginn natierlech och d'Äerm, Been, Féiss, Schëlleren an de Kapp beweegt.
An der arabescher Welt gëtt den Danz Raqs Sharqi / رقص شرقي / raqṣ šarqī genannt. Opgrond vun der wiertlecher Iwwersetzung "Danz vum Osten" ass deemno och d'Bezeechnung "Orientaleschen Danz" korrekt, bezitt sech awer net op all orientalesch Folklorsdänz vum noe bis fären Osten, mä reng op den egyptesche Solodanz.
Et ass e sënnlechen an eleganten Danz, deem seng Beweegunge sech och alt emol an d'erotescht zéie kënnen.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bauchdanz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.