Den Albert von Brunn, gebuer den 19.
September">19. September 1880 zu Köthen a gestuerwen den 28. Dezember 1942 war en däitschen Astronom.
Albert von Brunn | |
---|---|
Gebuer | 19. September 1880 |
Gestuerwen | 28. Dezember 1942 Potsdam |
Nationalitéit | Däitscht Räich |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Astronom |
De von Brunn huet vun 1899 bis 1904 zu Leipzig, Würzburg a Göttingen studéiert. 1904 promovéiert hien zu Göttingen (Die Säkularbeschleunigung des Mondes). Duerno war hien op der Universitéit vun Heidelberg (Prof. Valentiner) an habilitéiert sech 1909 zu Danzeg, wou hien 1920, no sengem Déngscht am Éischte Weltkrich als Meteorolog bei der Arméi, Direkter vum astronomesch-meteorologesch-nauteschen Observatoire gouf. Am Joer 1922 gouf hie Professer, ass awer 1926 als Direkter vum Observatoire zeréckgetrueden.
De von Brunn huet sech mat astronomescher Zäitmiessung, der Theorie vun der Refraktioun an der Himmelsmechanik, beschäftegt. 1920 publizéiert hien zu Danzeg seng Bemerkungen zum Dreikörperproblem. Hie war och bei enger Expeditioun fir d'Iwwerpréiwung vun der Allgemenger Relativitéitstheorie, duerch Observatioun vun der Liichtkrëmmung vu Stären no bei der Sonn, obschonn hien dëser Theorie skeptesch géintiwwer stoung. Déi Observatioun gouf 1929 vum Erwin Freundlich ausgefouert.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Albert von Brunn, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.