Eng Aaxt ass e Geschier dat zënter Joerdausende benotzt gëtt fir Holz ze schloen, ze splécken an ze formen.
Se gëtt och als Waff benotzt a kënnt als Symbol bei Zeremonien an op Wope vir. Eng Aaxt gëtt et a ville verschiddene Formen, jee no Zäitalter, Regioun a Funktioun. Haut huet s'am Allgemengen e Still, deen een als Grëff an den zwou Hänn hält, an e Kapp aus Metall mat enger ausgezunnener schaarfer Schneid.
Déi éischt Aaxten an der Steenzäit waren aus Steen an haten nach kee Still. Eréischt méi spéit ass de Steen, deen als Aaxt benotzt gouf, op e Stéck Holz gestréckt gi fir besser kënnen domat ze schloen. Progressiv huet sech och d'Material geännert a fir de Kapp ass Koffer, Bronz, Eisen a Stol benotzt ginn.
Commons: Aaxten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Aaxt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.