Den (2309) Mr.
Spock ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, a gouf de 16. August 1971 vum James Gibson entdeckt.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 3,0143 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,0884 |
Sideresch Ëmlafzäit | 1912,46 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 17,14 km/s |
Inklinatioun | 10,9816 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 21,29 km |
Rotatiounsperiod | 6,722 h |
Albedo | 0,1177 |
Absolut Hellegkeet | 11,30M |
Entdeckung | |
Entdecker | J. B. Gibson |
Entdeckungsdatum | 16. August 1971 |
Plaz | Astronomesch Ariichtung Leoncito |
Aner Bezeechnungen | 1971 QX1, 1935 SN1, 1948 EJ1, 1956 TL, 1974 CU, 1977 SF3 |
De Mr. Spock beweegt sech op enger Distanz vun 2,7523 (Perihel) bis 3,2782 (Aphel) astronomesch Eenheeten a ronn 5,24 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 10,975° géint d'Ekliptik gebéit, d'Exzentrizitéit ass 0,0872.
De Mr. Spock huet en Duerchmiesser vu ronn 21 Kilometer a seng Albedo gëtt op 0,1177 geschat.
Den Asteroid krut säin Numm no der Kaz vum Entdecker, déi hirersäits den Numm no der Star-Trek-Figur “Mr. Spock” genannt war. D'Benennung huet dozou gefouert, datt d'International Astronomesch Unioun, déi d'Nimm vun Himmelskierper autoriséiert, e Passus an hir Reegele fir d'Benennung vun Asteroiden opgeholl huet, datt Hausdéierenimm net méi erwënscht sinn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article (2309) Mr. Spock, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.