Den Yves Camille Désiré Leterme, gebuer de 6.
Oktober">6. Oktober 1960 zu Wervik, ass e belsche Politiker vun der Partei CD&V. Hie war Ministerpresident vun der Regioun Flandern a war vum 20. Mäerz bis den 30. Dezember 2008 belsche Ministerpresident vun der Regierung, déi aus de Parlamentswale vum 10. Juni 2007 ervirgoung. De Leterme huet misse wéinst enger Justizaffaire zerécktrieden, an den Herman Van Rompuy gouf Premier. Wéi deen zum éischte permanenten EU-Conseilspresident nominéiert gi war, gouf de Leterme eng zweet Kéier, de 24. November 2009, vum Kinnek Albert II. zum Premierminster ernannt.
Yves Leterme | |
---|---|
Gebuer | 6. Oktober 1960 Wervik |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Vun de Wale vum Juni 2010 bis zu der Ernennung vun enger neier Regierung, de 5. Dezember 2011, huet hie faisant fonction d'Amtsgeschäfter virugefouert. Zanter uganks 2012 huet hien en héije Managementposte bei der OECD.
De Leterme ass bestuet an huet dräi Kanner. Hie wunnt zu Ypern.
Commons: Yves Leterme – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Yves Leterme, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.