faq Lieser

Wiki-FAQ-Sammlung Generell FAQ | FAQ fir d'Lieser | FAQ fir déi, déi matschaffen | FAQ fir d'Administratioun | Diskussiounssäiten-FAQ | Biller-FAQ | Technesch FAQ | Rechtleches

F. Wéi sichen ech en Artikel an der Wikipedia?

    Ä. Kuckt Hëllef:Sichen fir all d'Méiglechkeeten, wéi een en Artikel an der Wikipedia siche kann, oder wéi een d'Wikipedia einfach nëmmen "duerchbliedere" kann, ouni elo no eppes Bestëmmtem ze sichen.

F. Wéi gëtt ee gewuer, wéi heefeg en Artikel gelies ginn ass?

    Ä. Op dëser Internetsäit http://stats.grok.se kann een nokucken, wéi heefeg en Artikel pro Mount besicht ginn ass (dat beinhalt natierlech d'Editéiere vun der Säit; et bedeit och net, datt all Visiteur den Text gelies huet). Dat funktionéiert an all Sproocheversioun vu Wiki Lëtzebuergesch. Hei e puer Beispiller aus dem Mount Mee 2009:
    • D'Haaptsäit: lb → 29.105 Visitten | de → 27.889.014 Visitten | fr → 14.743.066 Visitten | en → 170.773.874 Visitten
    • Artikel iwwer d'Lëtzebuerger Land: lb → 2796 Visitten | zh → 2576 Visitten | fr → 26.873 Visitten | de → 61.847 Visitten | en → 126.450 Visitten

F. Vue datt jiddwereen Artikele verännere kann, wéi kann ech dem Contenu nach trauen?

    Ä1. Gitt näischt op dat, wat dir hei liest. Dat gëllt awer natierlech net nëmme fir d'Wikipedia, mä fir all Enzyklopedien, souguer fir déi renomméiertst.
    Ä2. Wéi bei all Experiment, dat sech op d'Fräiheet baséiert, kann een unhuelen, datt d'individuell Interêten op e kollektiven Interêt histeieren. Tatsächlech kéint ee mengen, datt d'Leit, déi sech op Wikipedia connectéieren, wëssbegiereg sinn, a sou ëmmer een do ass fir e Feeler ze verbesseren.
    Ä3. Egal wéi soll all Artikel ëmmer op säi Contenu jugéiert ginn, an net no sengem Auteur.

F. Wat kann ech mat externe Linken ufänken, soulaang wéi de Contenu net kopéiert gëtt?

    Ä. Kee Problem bei den externe Linken. Si droen zum Contenu vu Wikipedia bäi. Déi meescht Wikiner sinn trotzdeem der Meenung, datt en Artikel net nëmmen aus externe Linke bestoe sollt, d'Wikipedia soll nämlech keen Internet-Portal ginn... De Préference ginn déi Linken um Enn vum Artikel an der spezieller Sektioun "Um Spaweck" ernimmt.

F. Wat sinn d'bibliographesch Referenzen?

    Ä. Do gëtt et näischt Spezielles ze soen. Internet, Enzyklopedien, Coursen, eegent Wëssen. Jiddereen huet Connaissancen an engem Domaine a kann déi och hei bäidroen.

F. Gëtt et Wikipedia och eemol op Pabeier?

    Ä. Mir denken doriwwer no.

F. Wisou gëtt et keen Chat, dat géif heiansdo méi séier goen?

    Ä. Op der Wikipedia selwer gëtt et just d'Diskussiounssäite vun deenen eenzele Benotzer a vun de jeeweilegen Artikelen, fir datt d'Wikipedianer och mateneen diskutéiere kënne, wa se mol net alleguerte gläichzäiteg online sinn (wat souwisou éischter seelen de Fall ass). En Chat gëtt et awer och, just ass deen net op der Wikipedia, mä um Freenode Netzwierk a Form vun e puer IRC-Kanäl (klickt hei fir Detailer).

Tags:

Wikipedia:FAQWikipedia:FAQ (Biller)Wikipedia:FAQ (Diskussiounssäiten)Wikipedia:FAQ (Technesch)Wikipedia:FAQ AdministratiounWikipedia:FAQ ParticipantenWikipedia:Iwwer d'Wikipedia

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Kroatien2. FebruarMuttergottesliddTali GolergantJeannot LunkesErnst Wilhelm ContzenSaratowJang de BlannenPatxi Xabier Lezama PerierHei elei, kuck eleiNicolas Wampach11461900Guillaume vu LëtzebuergBigelbaachAnime13Bernard FeltenIBMAlbert BorschetteIndonesienAbrëllsgeckCôte de StockeuUniform Resource LocatorHenri WehenkelLëscht vu lëtzebuergesche KonschtschafendenLissabonInstitut supérieur d'études et de recherches pédagogiquesOmar Sharif1919Koordinéiert WeltzäitKasachstanPatrick SanaviaWladimir Wladimirowitsch PutinInternetFeilSiliziumSchrëftstellerLëtzebuerg (Land)PafendallDominique LangGustave SertaWaasser10. FebruarMinistère vun den ongeléiste Problemer1968Karel de GroussenKapitalismusGehaansbiergKanton Esch-UelzechtComité flamand de FranceKanton LëtzebuergPhilippe Schneider, de Mann mat der Kamera6. AbrëllDéi GréngEuropa (Kontinent)Internationale WärungsfongDomaine publicStiefesdagOns HeemechtLuc FriedenNathalie Reuter (Journalistin)Joanne GoebbelsSingapur (Republik)Norbert Becker🡆 More