Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, Inhalter op der Wikipedia ze fannen.
Dësen Artikel versicht, en Iwwerbléck iwwer déi verschidde Sichméiglechkeeten ze bidden. |
Fir den Artikelbestand vun der Wikipedia ze duerchsichen, gëtt et op der lénkser Säit am Menü zwee Knäppercher, Artikel a Volltext-Sich. Wann een do e Wuert ragëtt, an op d'Tast Enter oder op de Knäppchen Säit klickt, kritt een am beschte Fall direkt den Artikel mat deem Numm. Wann et keen Artikel mat genee deem Numm gëtt, da gëtt een automatesch op d'Volltextsich weidergeleet, déi net op den Artikelnumm limitéiert ass, mä de ganzen Text vun allen Artikelen nom Stéchwuert duerchsicht, dat een aginn huet. Et kann een dës Volltextsich awer och direkt starten iwwer de Knäppche mam selwechten Numm, oder iwwer d'Artikelsich, bei där een d'Sich och op aner Nummraim wéi just den normalen Enzyklopedieberäich dirigéiere kann.
Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, fir d'Wikipedia-Sich an ënnerschiddlech Browser z'integréieren. Kuckt dozou wgl. Browser-Ënnerstëtzung.
Säite, bei deenen am Titel Wiki: , Benotzer: oder Diskussioun: steet, gi standartméisseg net an d'Sich mat abezunn. Mat der Erweiderter Sich, déi ënnen op der Säit mat de Resultater vun der Sich steet, kënnen awer och aner Nimmraim (Wikipedia-, Benotzer-, Biller- an dozou gehéiereg Diskussiounssäiten) duerchsicht ginn.
Sich-Operator | Symbol | Beispill | Resultat |
---|---|---|---|
Ausschléisse mat Minus | - | Wierfel -Rubik | Alles iwwer Wierfelen, mä ouni dem Rubik säi Cube |
Erweidere mat dem Stäerchen (Wildcard) | * | *haus | All méiglech Zorte vun Haiser |
Ongenee Sich mat Tilde (Fuzzy search) | ~ | Architetkur~ | Fënnt wierklech Architektur, ouni ~ kee Resultat |
Méi prezis siche mat Klameren | ( ) | Lëtzebuerg AND ( Geschicht OR Architektur ) | Inhalter iwwer Lëtzebuerg kombinéiert mat de Beräicher Geschicht ODER Architektur |
Sich a spezifesch Felder | intitle: | intitle:Haus | Fënnt all Artikel wou d'Wuert Haus am Titel virkënnt |
Wéinst der staarker Belaaschtung vum Server kann déi Wikipedia-intern Sich zäitweis desaktivéiert ginn. Da kritt Dir d'Méiglechkeet, iwwer extern Sichmaschinne wéi Google no Wikipedia-Artikelen ze sichen. De Lass-Knäppche funktionéiert awer ëmmer. D'Sich mat externe Sichmaschinnen huet de Virdeel, datt déi all Nimmraim duerchsichen, a Stoppwierder ignoréieren. Et kann allerdéngs passéieren, datt d'Resultater net ëmmer dem aktuelle Stand entspriechen.
D'Kategoriësäite ginn automatesch generéiert. Si lëschten an alphabetescher Reiefolleg d'Artikelen op, déi an eng bestëmmte Kategorie gesat goufen. Als gudde Startpunkt an dës Struktur kann d'Haaptkategorie dengen.
An eng Rei vun Themegebidder kann een duerch e Portal eraklammen. Sou e Portal bitt eng Auswiel vun de wichtegsten Artikelen zum Thema ëm dat et grad geet.
Den Alphabeteschen Index gëtt eng Iwwersiicht iwwer all d'Artikelen, déi et op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt, schéin alphabetesch zortéiert.
Et gëtt och Lëschten déi bei der Navigatioun hëllefe sollen. Lëschte gi manuell gefleegt a sinn heefeg an den Haaptartikele verlinkt. En Iwwerbléck iwwer all Lëschte ginn d'Referenztabellen (manuell gefleegt) an d'Kategorie vun de Lëschten (automatesch generéiert, enthält all deementspriechend kategoriséiert Lëschten).
Wann e bestëmmtent Thema en Haaptartikel huet, da bitt deen net nëmmen en inhaltlechen Iwwerbléck, mä e féiert duerch d'intern Verlinkung och zu weidere relevante Wikipedia-Artikelen déi zum selwechten Thema gehéieren.
Als Gesamtiwwersiicht gëtt et den Alphabeteschen Index:
0–9 · A · B · C · D · E · F · G · H · I · J · K · L · M · N · O · P · Q · R · S · T · U · V · W · X · Y · Z
Wann een einfach nëmme bliedere wëll, kann een dofir d'Funktioun Zoufallssäit notzen, déi dann iergendee vun de momentanen 63.325 Artikelen opmécht.
Zur Zäit bitt sech fir eng Sich no Themen d'Säit zu eisen Themeportaler un. Wann Dir en Iwwerbléck iwwer e bestëmmt Thema wëllt gesinn, sou hutt Dir (op d'mannst) véier verschidde Méiglechkeeten:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Hëllef:Sichen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.