Den W.
C. Fields, gebuer den 29. Januar 1880 zu Philadelphia a Pennsylvania als William Claude Dukenfield, a gestuerwen de 25. Dezember 1946 zu Pasadena a Kalifornien, war en US-amerikaneschen Entertainer, Schauspiller, Komiker, Dréibuchauteur a Jongleur.
W. C. Fields | |
---|---|
Gebuer | 29. Januar 1880 |
Gestuerwen | 25. Dezember 1946 Pasadena |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Komiker, Kabarettist, Dréibuchauteur, Zirkusartist, Filmregisseur |
An de Comédiën, an deenen e gespillt huet, huet hien e misanthropeschen, ma sympatheschen Egoist gespillt. Seng Figuren haten eng Virléift fir Alkohol, hunn awer leidenschaftlech absënns Fraen, Kanner, Hënn a Banquiere gehaasst.
De Fields huet seng Carrière als Entertainer a Vaudeville-Showen ugefaangen a war an den 1930er-Joren e Star vun enger ganzer Rëtsch vu Kaméidisfilmer. Bei villen dovun war hien och den Dréibuchauteur. Hien huet sech dann och e Spaass draus gemaach, méiglechst ausgefalen Nimm fir déi verschidde Personagen z'erfannen, wéi Professor Eustance McGargle, Elmer Prettywillie, Augustus Q. Winterbottom, asw.
Soulaang e gelieft huet, war hien an den USA e ganz beléifte Komiker.
Commons: W. C. Fields – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article W. C. Fields, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.