United Artists (UA) – och United Artists Pictures, United Artists Films oder (no der Ëmwandlung an eng SA 1957) United Artists Corporation genannt – ass eng US-amerikanesch Filmproduktiounsgesellschaft, déi de 17.
Abrëll 1919 vun de Stommfilmstaren Charles Chaplin, Douglas Fairbanks Sr., Mary Pickford an David Wark Griffith gegrënnt gouf, mat der Intentioun, datt d'Kënschtler selwer (an net d'Studioen) iwwer hir Filmer decidéieren an dës vermaarte kéinten.
An den 1950er Joren huet se sech awer selwer an e Studio verwandelt. Nom finanziellen Echec vum Film Heaven's Gate gouf UA 1981 un dem Kirk Kerkorian seng Metro-Goldwyn-Mayer (MGM) verkaaft.
Haut gehéiert se als Duechterentreprise vu Metro-Goldwyn-Mayer zu Sony Pictures Entertainment.
Commons: United Artists – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article United Artists, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.