Den Télévie ass eng karitativ Organisatioun an der franséischsproocheger Belsch an zu Lëtzebuerg, déi vun RTL TVI 1989 an der Belsch fir de Benefice vum Fonds National de la Recherche Scientifique an d'Liewe geruff ginn ass.
2002 huet och RTL Lëtzebuerg sech der Aktioun ugeschloss. Joer fir Joer geléngt et Dausende Leit fir den Télévie mobiliséieren.
Sënn an Zweck vum Télévie ass et, fir d'Recherche géint de Kriibs a speziell d'Leukemie virun ze bréngen. Vun 2002 bis 2018 konnten zu Lëtzebuerg iwwer 21 Milliounen Euro an d'Kriibsfuerschung investéiert ginn. Zanter 1989 konnten iwwer 185 Milliounen Euro an d'Fuerschung investéiert ginn. Mat Hëllef vun dëse Suen schaffen haut iwwer 200 Fuerscher an der Lutte géint Kriibs.
Och wann am Domaine vun der Fuerschung an deene leschte Joren enorm Fortschrëtter gemaach goufen (3 vu 5 Kriibserkrankunge kënnen haut geheelt ginn), stierwen nach ëmmer vill ze vill Leit u Kriibs, well d'Mechanismus vun där Krankheet nach net komplett erfuerscht a bekannt sinn. Och ass net richteg bekannt, wéi dës Krankheet verhënnert ka ginn.
Zanter der Grënnung spillt den Télévie eng wichteg Roll an der Populariséierung vu Kriibs- a Leukemierecherchen an dynamiséiert mat Hëllef vun Donen de Fortschrëtt vun der Bekämpfung vun dëse Krankheeten bei Kanner an Erwuessenen.
Erreecht gouf:
Déi nei Titelmelodie vum Télévie gouf de 17. Mäerz 2019 an der Philharmonie virgestallt. Et handelt sech ëm eng Kompositioun vum David Ianni, déi hien zesumme mat de Muselfénkelcher ënnert der Leedung vum Nathalie Laurent an dem Télévie-Sträichquartett (Ryoko Yano an Andrii Chugai op der Gei, Ilan Schneider op der Braatsch an Anik Schwall um Cello) uropgefouert huet..
De klenge Bruno Hendrickx, och nach Bichon genannt, ass am Alter vun nëmmen 2 Joer u Leukemie erkrankt an zu engem richtegen Symbol vum Télévie am Kampf géint d'Krankheet ginn. An der Belsch war de klenge Jong ganz bekannt, deemno war de Choc och entspriechend grouss, wéi en 1997 gestuerwen ass. Bis haut blift de Bichon en onvergiesslecht Symbol vum Télévie. Zu Schaerbeek gouf eng Plaz nom Bichon genannt.
Lëscht vun de Produkter, déi 2018 verkaaft gi sinn:
Commons: Télévie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Télévie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.