Den Tom Gehrels gebuer den 21.
Februar">21. Februar 1925 zu Haarlem an Holland a gestuerwen den 11. Juli 2011 zu Tucson war en hollänneschen Astronom, deen an den USA geschafft huet.
Tom Gehrels | |
---|---|
Gebuer | 21. Februar 1925 Haarlemmermeer |
Gestuerwen | 11. Juli 2011 Tucson |
Nationalitéit | Holland, USA |
Educatioun | Universitéit vu Leiden, University of Chicago |
Aktivitéit | Astronom, Resistenzler |
Hie war den Initiateur vum Spacewatch-Programm fir äerdno Asteroiden ze fannen.
De Gehrels huet verschidde Koméiten entdeckt, dorënner de 64P/Swift-Gehrels, den 78P/Gehrels, den 82P/Gehrels, an den 90P/Gehrels.
Hien ass ausserdeem un der Entdeckung vun iwwer 3000 Asteroide bedeelegt, dorënner d'Apolloasteroiden (1864) Daedalus an (5011) Ptah, den Amorasteroid (4587) Rees, souwéi vill Asteroiden aus der Grupp vun den Trojaner.
De gréissten Deel vu senge méi spéiden Entdeckungen huet hien zesumme mat der Astronomekoppel Cornelis Johannes van Houten an Ingrid van Houten-Groeneveld am Kader vum Palomar-Leiden-Survey gemaach. Dobäi huet de Gehrels vill Himmelsfotoe mam 48-Zoll Schmidt-Teleskop vum Palomar-Observatoire opgeholl. Déi fotografesch Placke goufen no Holland verschëfft an an der Universitéit vu Leiden fir d'Bestëmmung vun Asteroiden ausgewäert.
Wärend dem Zweete Weltkrich war de Gehrels Member vun der hollännescher Resistenz. Nom Krich huet hie mat den Iwwerliewenden, déi zur Mataarbecht um Bau vun den däitsche Rakéite V1 a V2 ënner dem Wernher von Braun gezwonge waren, geschwat. De Gehrels ass der Opfaassung, datt dem von Braun méi eng grouss Responsabilitéit zoukënnt (un den onmënschleche Behandlunge vun Zwangsaarbechter), wéi dat aus senger offizieller „gebotzter“ Biographie ervirgeet. [1]
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tom Gehrels, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.