The Dead Don't Hurt ass e kanadesch-mexikanesch-dänesche Western vum Viggo Mortensen, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet an déi männlech Haaptroll spillt.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Dänemark Kanada Mexiko |
Produktiounsjoer | 2022 |
Première | 8. Sept. 2023 |
Dauer | 129 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 2,35:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Viggo Mortensen |
Dréibuch | Viggo Mortensen |
Fotografie | Marcel Zyskind |
Schnëtt | Peder Pedersen |
Produzent | Regina Solórzano Jeremy Thomas Viggo Mortensen |
Produktiouns- gesellschaft | Talipot Studio Recorded Picture Company Perceval Pictures |
Schauspiller | |
Viggo Mortensen Vicky Krieps Solly McLeod Garret Dillahunt Colin Morgan Ray McKinnon Luke Reilly Atlas Green Danny Huston | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
En hat seng Première am September 2023 um Toronto International Film Festival. Zu Lëtzebuerg ass en an Avant-Première um LuxFilmFest 2024 gelaf a koum den 1. Mee 2024 an d'Kinoen.
An den 1860er Jore verléiwe sech d'Franco-Kanadierin Vivienne Le Coudy an den Dän Holger Olsen zu San Francisco. Si ginn eng Koppel a loosse sech zu Elk Flats, enger klenger Stad am Nevada, néier, wou den Holger eng Schräinerei opmécht an d'Vivienne Rousen ziicht an als Serveuse schafft. Wéi de Biergerkrich ausbrécht, decidéiert den Holger, op der Säit vun den Uniounsstaaten an d'Arméi ze goen. D'Vivienne bleift zeréck a muss sech géint e korrupte Buergermeeschter an deem säi Geschäftspartner wieren, déi probéieren, mat Bedruch un hir Immobilien ze kommen, souwéi deem säi Bouf, deen et op hatt ofgesinn huet...
D'Dréiaarbechte ware vun Oktober bis Dezember 2022 an de kanadesche Provënzen Ontario a British Columbia, an am mexikanesche Bundesstaat Durango.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article The Dead Don't Hurt, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.