Den Théophile Aubart, gebuer de 16.
September">16. September 1884 zu Uewerkuer, a gestuerwen de 17. Mee 1965 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Buergermeeschter.
Théophile Aubart | |
---|---|
Gebuer | 16. September 1884 |
Gestuerwen | 17. Mee 1965 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Théophile Aubart war Direkter vun der Bofferdings Brauerei (1905-1960) a vum 1. Januar 1929 bis den 31. Dezember 1945 Buergermeeschter vun der Gemeng Nidderkäerjeng.
Fir un hien z'erënneren huet d'Käerjenger Gemeng eng Strooss no him benannt, d'Rue Théophile Aubart op der Bomicht.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Théophile Aubart, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.