D'Tatjana Patitz gebuer de 25.
Mäerz">25. Mäerz 1966 zu Hamburg a gestuerwen den 11. Januar 2023 zu Santa Barbara a Kalifornien, war en däitsche Model a Schauspillerin.
Tatjana Patitz | |
---|---|
Gebuer | 25. Mäerz 1966 Hamburg |
Gestuerwen | 11. Januar 2023 Santa Barbara |
Doudesursaach | Broschtkriibs |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Mannequin, Filmschauspiller |
Gréisst | 180,5 Zentimeter |
D'Tatjana Patitz hat eng estnesch Mamm an en däitsche Papp an ass a Schweden opgewuess. Als Kand war si eng passionéiert Reiderin. Nodeem si mat 17 Joer vum Moudefotograf Peter Lindbergh entdeckt gouf, huet si an de fréien 1980er Jore bei engem Schéinheetsconcours a Schweden matgemaach a koum op déi drëtt Plaz. Hiren Duerchbroch hat si 1988 wéi si um Lindbergh senger Foto White Shirts: Six Supermodels, Malibu an enger Reklamm fir Levi's Jeans ze gesi war.
An de fréien 1990er Joren huet si zu de meescht gefrote Supermodels vun der Welt gezielt.
Nodeems si vu Paräis a Kalifornien geplënnert war, huet si e puer Filmrollen ugeholl. Am Joer 1999 war si am däitsche Playboy ze gesinn.
D'Tatjana Patitz war ë. a. mat de Schauspiller Richard Gere, Johnny Depp, Joshy Peters, Pierce Brosnan an och fir eng kuerz Zäit mam Popsänger Seal liéiert.
Si huet sech 2003 mam Geschäftsmann Jason Johnson bestuet, mat deem si e Jong krut. Bis 2009 huet si op enger Ranch zu Malibu a Kalifornien gelieft. Nodeems si sech vun hirem Mann getrennt hat, huet si zesumme mat hirem Jong zu Santa Barbara gewunnt.
D'Tatjana Patitz ass den 11. Januar 2023 am Alter vu 56 Joer un de Suitte vun enger Broschtkriibserkrankung gestuerwen.
Commons: Tatjana Patitz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tatjana Patitz, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.