Some Like It Hot ass en US-amerikanesche Film vum Billy Wilder aus dem Joer 1959.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1959 |
Première | 29. Mäerz 1959 |
Dauer | 120 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,66:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Billy Wilder |
Dréibuch | I.A.L. Diamond Billy Wilder |
Fotografie | Charles Lang |
Musek | Adolph Deutsch |
Schnëtt | Arthur P. Schmidt |
Dekoren | Ted Haworth |
Produzent | Billy Wilder Ashton Productions The Mirisch Corporation |
Produktiouns- gesellschaft | United Artists |
Schauspiller | |
Marilyn Monroe als Sugar Kane Kowalczyk Tony Curtis als Joe / Josephine Jack Lemmon als Jerry / Daphne George Raft als Spats Colombo Pat O'Brien als Mulligan Joe E. Brown als Osgood Fielding III Nehemiah Persoff als Little Bonaparte Joan Shawlee als Sweet Sue Billy Gray als Sig Poliakoff George E. Stone als Toothpick Charlie | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
De Schwaarzwäissfilm ass eng gelonge Persiflage op Gangsterfilmer a Melodramen.
Den Jerry an den Joe, zwéi Museker, sinn zu Chicago am Joer 1929 Zeie vun enger Schéisserei tëscht zwou Gangsterbanden. Well se gesi goufen a fäerten, dowéinst ëmgeluecht ze ginn, schléisse si sech, als Frae verkleet, engem Dammenorchester un, deen um Wee op Florida ass. Do ukomm kritt den Jerry als "Daphne" schéin Ae vun engem eelere Millionär gemaach, wärend den Joe seng Verkleedung geännert huet a lo als Milliounenierwe "Shell Junior" sech un déi schéi Sängerin an Ukulele-Spillerin vum Dammenorchester, d'Sugar, erumécht...
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Some Like It Hot (Film 1959), which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.