De Rudolf Schündler, gebuer als Rudolf Ernst Paul Schündler de 17.
Abrëll">17. Abrëll 1906 zu Leipzig a gestuerwen den 12. Dezember 1988 zu München, war en däitsche Schauspiller a Filmregisseur.
Rudolf Schündler | |
---|---|
Gebuer | 17. Abrëll 1906 Leipzig |
Gestuerwen | 12. Dezember 1988 München |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Christine Laszar |
De Rudolf Schündler huet haaptsächlech a bëllegen däitsche Kaméidisfilmer matgespillt. Trotzdeem war hien awer och an e puer ganz bedeitende Filmer ze gesi sou am ironesche Kriminalfilm Die Herren mit der weißen Weste (1969) vum Wolfgang Staudte an am Grujelfilm iwwer e Meedchen dat vum Däiwel besiess ass The Exorcist (1973) vum William Friedkin. Hien huet och am biographesche Film iwwer de Schrëftsteller Karl May (1974) vum Hans-Jürgen Syberberg an am dokumentaresche Film iwwer den Doud vum amerikanesche Filmregisseur Nicholas Ray Der amerikanische Freund (1977) vum Wim Wenders matgespillt. Net ze vergiessen awer och säin Optrëtt am italieenesche Grujel- a Kultfilm Suspiria (1977) vum Dario Argento.
De Rudolf Schündler huet an iwwer 230 Kinos- an TV-Filmer matgespillt a war an 23 Filmer als Regisseur aktiv.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Rudolf Schündler, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.