D'Royal Astronomical Society (RAS) huet als Astronomical Society of London am Joer 1820 ugefaangen.
Fir d'astronomesch Fuerschung z'ënnerstëtzen, déi zu där Zäit méi vun Amateurastronome wéi vu professionelle bedriwwe gouf, gouf si 1831 duerch de Kinnek William IV. als Royal Astronomical Society nei gegrënnt. Zanter 1915 sinn och Fraen als Member zougelooss. Si ass déi englesch Memberorganistioun vun der International Astronomical Union an ass Member vum Science Council.
Eng vun den Haaptaktivitéite vun der RAS ass d'Verëffentlechung vu wëssenschaftlechen Zäitschrëften. Si verëffentlecht z.Z. zwou weltwäit féierend Fuerschungszäitschrëften, d'MNRAS an der Astronomie an, an der Geophysik, zesumme mat der Deutschen Geophysikalischen Gesellschaft (GJI), d'A&G. Béid Zäitschrëfte bréngen, op Héichglanzpabeier, Iwwersiichts- an aner Artikele vun allgemengem Interessi eraus. Déi vollstänneg Lëscht vun de Zäitschrëften, déi vun der RAS verëffentlecht ginn, steet hei, mat hiren Ofkierzunge vun der NASA ADS a bibliographeschem Code:
Membere vun der RAS ginn Fellows (Kärelen) genannt a kënne FRAS als Nummzousaz féieren. D'Memberschaft ass fir jiddwereen iwwer 18 Joer op, deen der Gesellschaft akzeptabel erschéngt. D'Zuel vun de Memberen huet am Joer 2003 fir d'éischt déi 3000 iwwerschratt.
D'Gesellschaft organiséiert reegelméisseg all Mount Diskussiounssëtzungen iwwer Theemen aus der Astronomie an der Geophysik, déi normalerweis all zweete Freideg am Mount vu September bis Juni zu London ofgehale ginn.
Zesumme mat der Geological Society of London, ënnerstëtzt d'Gesellschaft déi British Geophysical Association.
Den éischte President vun der Royal Astronomical Society war den Wilhelm Herschel, deen allerdéngs ni eng Sëtzung geleet huet. Zanterhier ass dëse Poste vu ville gudden Astronome bekleet ginn.
Déi lescht Presidenten:
Besonnesch fréier Presidenten:
Déi héchst Auszeechnung vun der Royal Astronomical Society ass d'Goldmedail. Ënner de bekanntste Präisdréier ass den Albert Einstein 1926 an de Stephen Hawking 1985.
Aner Auszeechnunge sinn d'Eddington Medail, d'Herschel Medail, d'Chapman Medail, d'Price Medail an d'Jackson-Gwilt-Medail.
Commons: Royal Astronomical Society – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Royal Astronomical Society, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.