De Ricardo Bofill Leví, gebuer de 5.
Dezember">5. Dezember 1939 zu Barcelona an och do de 14. Januar 2022 gestuerwen, war e spueneschen Architekt am postmoderne Stil.
Ricardo Bofill | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ricardo Bofill Leví |
Gebuer | 5. Dezember 1939 Barcelona |
Gestuerwen | 14. Januar 2022 Barcelona |
Nationalitéit | Spuenien |
Educatioun | Universitéit vu Genf |
Aktivitéit | Architekt, Urbanist, Filmregisseur, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Serena Vergano |
Liewenspartner(in) | Serena Vergano |
No sengem Architekturstudium zu Barcelona an zu Genf huet hien 1963 a senger Heemechtsstad säi Cabinet, den Taller de Arquitectura, gegrënnt. 1971 huet hien zu Paräis eng Filial opgemaach, wou en an den 1980er Jore verschidde Citéën entwéckelt huet.
2000 goung en hannescht op Barcelona, wou säin "Architekturatelier" an engem alen Zementwierk ënnerburecht ass.
Zu senge bekanntsten Entwërf zielen d'Citéen Espaces d'Abraxas zu Noisy-le-Grand a Les Arcades au Lac zu Saint-Quentin-en-Yvelines, de Quartier Antigone zu Montpellier oder awer de W Hotel zu Barcelona a Form vun engem Seegel. Zu Lëtzebuerg huet hien den Entworf vun der Place de l'Europe um Kierchbierg gemaach, mat ë. a. den zwéin Tierm vun der Porte de l'Europe.
Commons: Ricardo Bofill – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ricardo Bofill, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.