René Pütz: Lëtzebuergesche Schauspiller

De René Pütz, gebuer de 7.

Abrëll">7. Abrëll 1940 zu Walfer, a gestuerwen den 30. Oktober 2002 an der Stad, war e lëtzebuergesche Schauspiller.

René Pütz
Gebuer 7. Abrëll 1940
Walfer
Gestuerwen 30. Oktober 2002
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller
René Pütz: Lëtzebuergesche Schauspiller
René Pütz: Lëtzebuergesche Schauspiller
De René Pütz (riets), 1986

De René Pütz hat de Beruff vum Usträicher geléiert, hie war awer spéider Reesender fir eng Lëtzebuerger Faarwefabréck.

René Pütz als Schauspiller

Mat 15 Joer stoung hie schonn zesumme mam Marcel Jander zu Hesper op der Bün. Seng Theatercarrière ass richteg am Joer 1974 beim Lëtzebuerger Theater ugaangen. Seng éischt Haaptroll hat hien am Stéck De Gréngen vum Fons Kontz. Ee vu senge groussen Erfolleger hat hien zesumme mam Marc Faber an der Jonggesellekëscht vum Alain Atten.

An der Revue vum "Lëtzebuerger Theater", déi all Joer opgefouert gëtt, war de René Pütz an der Roll vum Schnëssert jorelaang eng vun den Haaptfiguren.

Hien huet awer net ëmmer de Clown gespillt, hie konnt och an eeschte Rollen iwwerzeegen, sou am Stéck De Bretzert vum Norbert Weber.

De René Pütz war awer och um Lëtzebuerger Radio an op der Lëtzebuerger Televisioun aktiv. Hien huet och an enger ganzer Serie vu Reklammfilmer matgespillt. Donieft huet en och nach an e puer Filmer matgespillt.

Filmer

Tags:

1940200230. Oktober7. AbrëllLëtzebuerg (Land)Lëtzebuerg (Stad)SchauspillerWalfer

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Guy MadisonLuxemburger WortBiwer a BiverFoussgängerbréck um KierchbiergMisärsbréckChristoph Kolumbus2000FailliteSoziologie24. OktoberPornofilmKinoApple Inc.ÉislekLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderConseil fir d'Lëtzebuerger SproochAngelsbiergChauvet-HielMarc PierrardBierg (Colmer-Bierg)FrankräichWikimediaBaby(a)loneJapanGare LëtzebuergIvan BassoFriddensgeriicht (Lëtzebuerg)Lëscht vu lëtzebuergesche RockgruppenFrancis of DeliriumKleeschenHousekerD'Maus KettiLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng LëntgenOpenthalt vum Louis XIV. vu Frankräich zu LëtzebuergFoussgängerbréck beim MudamEllipsDoctenaRodangeGuy RewenigOdessaChicagoAasselZäitJang de BlannenMasturbatiounHaaptsäit/Artikel vun der WochEd LauterStéphanie WeydertGreyhounds 59Charles SubervilleUelzechtThe Wall (Film 2023)HauskazCharles MargueDoudesstrof zu Lëtzebuerg1989UkrainFoussball-Weltmeeschterschaft 2014Paul RicoeurRtl.luVereenegt Arabesch EmiraterChrëschtdagChristophe HansenGaston ThornLübeckLycée classique d'Echternach21. JuniEric FalcheroMoskauAdrian HovenISBNMilitärfligeren am Zweete Weltkrich🡆 More