D'Radarastronomie ass eng Method fir Ënnersich vu physikaleschen Eegenschafte a bildlechen Duerstellunge vun Himmelskierper aus eisem Sonnesystem ze maachen.
Bei dëser Technik gi Mikrowelle vun engem grousse Radioteleskop oder engem anere Sender, dee fäeg ass staark gebëndelt Mikrowellestralen a Richtung vun engem Objet, deen ënnersicht soll ginn, ze verschécken, an uschléissend mat engem Radioteleskop oder Verbond vu Radioteleskopen déi reflektéiert Mikrowellen, also den Echo z'ënnersichen. D'Radarastronomie ënnerscheet sech vun der normaler Radioastronomie doran, datt d'Radioastronomie eng reng passiv Observatiounsmethod vun der Stralung ass, déi vun engem Objet ukënnt, wougéint d'Radarastronomie aktiv selwer Stralung fortschéckt. An der Radarastronomie gëtt zousätzlech nach tëscht gepulster a kontinuéierlecher Mikrowellesendung ënnerscheet.
D'Ufäng vu radarastronomeschen Ënnersich leien am Zäitraum tëscht 1960 an 1975. An där Zäit goufen a klengem Ëmfang Observatioune mat relativ schwaache Mikrowellestrale bei den äerdänleche Planéiten an Äerdnoen Objeten (NEO) gemaach. Zanter 1975 huet sech dunn déi haiteg Radarastronomie entweckelt.
D'Stäerkt vum Radar-Echosignal ass proportionell zu der véierter Wuerzel vum Ofstand zum Objet:
D'Reechwäit vun dëser Technik hänkt also an héijem Mooss vu staarke Send- an empfindlechen Empfangsariichtungen of.
D'Radartechnik huet e puer Virdeeler géintiwwer anere Methode:
Duerch d'Radarastronomie kritt een Informatiounen, déi soss net ze kréie wieren. Sou hat si Tester fir d'Allgemeng Relativitéitstheorie geliwwert a konnt d'Längt vun der Astronomescher Eenheet an Distanzen zu anere Himmelskierper vum Sonnesystem méi genee bestëmmen. Radarbiller liwweren Informatiounen iwwer d'Rotatiounsvitesse, Form an Uewerflächeneegeschafte vu feste Kierper, wéi Planéiten an Asteroiden.
Follgend Planéite goufe mat Hëllef vun der Radarastronomie observéiert:
D'Technik vun der Radarastronomie gëtt och bei den Ënnersich vun Asteroide gebraucht. Mat dëser Technik kann een hir Positioun, Form, Gréisst a Rotatiounseegeschafte bestëmmen. Well Radarstralen an de Buedem andrénge kann ee mat hirer Hëllef besser d'Zesummesetzung vun der Uewerfläch studéieren. Mat Hëllef vum Radarecho a senger Interferenzeegeschafte kann ee schaarf Biller um Objet kréien.
Och Koméite goufe schonn mëttels Radar ënnersicht. Well awer d'Distanz zu Koméite meeschtens zimmlech wäit ass, sinn nach net sou vill Koméite mat Radar ennersicht Ënner hinne sinn d'Koméite Hyakutake, Encke an Halley.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Radarastronomie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.