Piscine Tournesol

Piscine Tournesol ass den Numm vun engem Modell vu Schwämmen, vun deem der a Frankräich vun der Mëtt vun den 1970er bis an d'fréi 1980er Joren 183 gebaut goufen, an an anere Länner zesummen nach déi eng oder aner Dose méi.

Zu Lëtzebuerg goufen der dräi opgeriicht: 1975 zu Bäerdref an an der Fiels, an 1980 um Krounebierg zu Miersch. Just déi an der Fiels steet haut nach (Stand: 2024), déi zu Bäerdref gouf am September 2001 ofgerappt.

Piscine Tournesol
Piscine Tournesol
Land Frankräich
Architekt(en) Bernard Schoeller
Piscine Tournesol
Piscine Tournesol
Détail vum Bou vun enger Piscine Tournesol.
Piscine Tournesol
Déi an der Fiels, um Camping Bierkelt.

Den 'Tournesol' gouf vum Architekt Bernard Schoeller entworf. a vun der Firma Matra gebaut.

Se geet zeréck op de Programm "1000 piscines" vun der franséischer Regierung, dee virgesinn huet, datt relativ bëlleg, industriell virgefäerdegt Piscinnen doruechter gebaut solle ginn, fir datt jiddereen d'Méiglechkeet kréich, Schwammen ze léieren. D'Piscine 'Tournesol' war ee vun de 5 Modellen, déi dofir zréckbehale goufen.

Beschreiwung

D'Tournesol-Schwämm huet als Basis e Krees mat engem Duermiesser vu 35 Meter, deemno mat enger Fläch vu ronn 1000 Quadratmeter. Doran ass e Schwammbaseng vu 25 x 10 m Säitelängt. Den Daach, eng Kuppel, ass 6 m héich a besteet aus 36 metallene Béi. Dertëscht si plasticks Wänn mat Liichten dran. Een Drëttel vum Daach ka bei guddem Wieder no zwou Säiten zu jee 60° opgemaach ginn.

Eppes manner wéi d'Hallschecht vun den Tournesol-Piscinnë gëtt et haut net méi. Si goufen zougemaach an ofgerappt, zum Deel, well se schlecht isoléiert waren, an am Wanter zevill Energie fir d'Hëtze verbraucht hunn; zum Deel, well d'Uspréch u Schwämmen haut méi héich sinn, wat d'Installatioun vu Waasserrutschen, Kannerbasengen, Jacuzzien, asw, betrëfft.

Vun deenen déi Rescht sinn, kruten der e puer a Frankräich de Label Architecture contemporaine remarquable.

Eng Honnert existéieren nach Frankräich; déi an der Fiels ass déi eenzeg baussent Frankräich, déi nach besteet. Si gouf de 14. Dezember 2022 als nationaalt Architekturierwe klasséiert. De Proprietär plangt, se ze renovéieren an de Baseng ze vergréisseren.

Literatur

Um Spaweck

Commons: Piscine Tournesol – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Piscine Tournesol BeschreiwungPiscine Tournesol LiteraturPiscine Tournesol Um SpaweckPiscine TournesolBäerdrefFielsLëtzebuerg (Land)MierschSchwämm

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

KrankheetCanon EOS 450DMartti AhtisaariGroussjäregkeetKiewToutes peines confonduesBelschLëscht vun den Autobunnen a Schnellstroossen zu LëtzebuergPaul Koch (Politiker)EnglandClive DonnerRusslandWetzlarFauvillersAmerika (Kontinent)Usbekistan2010IstanbulChristian WeisÉischte WeltkrichTexasUkraineschDrama (Film)AlphabetLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergUkrainLiliopsidaGast RollingerGenderMS EuropaFrank SinatraPolenLéiffraekierch (Tréier)John FordSonnWanterkrichWaasserballFranciscus (Poopst)TopographieCanton de Vélizy-VillacoublayTintinKigaliMoscheeGemeng LuerenzweilerSeoul2006Victor HugoCuritibaGromperekichelchenTilda ThamarFluchhafe KansaiJean-Paul BelmondoÉisträichKommunismusMozilla FirefoxLi KeqiangCecilia Payne-GaposchkinGréiwelsChris PrattWinston ChurchillRusseschFort RumignyFrancis of DeliriumAstanaCOVID-19MasturbatiounEemaischenHertz (Eenheet)Serge TonnarEvolutioun (Biologie)🡆 More