De Pierre de Coubertin, gebuer den 1.
Januar">1. Januar 1863 zu Paräis, a gestuerwen den 2. September 1937 zu Genf, war e franséische Sportspedagog.
Pierre de Coubertin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Pierre Frédy de Coubertin |
Pseudonym | Georges Hohrod, Martin Eschbach |
Gebuer | 1. Januar 1863 7. Arrondissement |
Gestuerwen | 2. September 1937 Genf |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École libre des sciences politiques |
Aktivitéit | Historiker, Pedagog, Enseignant, Schrëftsteller, Politiker |
Member vun | Internationalen Olympesche Kommitee |
No sengem Studium vun der Politik, der Geschicht an der Pedagogik huet de Pierre de Coubertin säi ganzt Liewe versicht de Sport, als dat senger Meenung no beschte Mëttel fir d'Versteesdemech tëscht de Vëlker, bekannt ze maachen.
Déi vun him entwéckelt Iddi fir déi all 4 Joer am ale Griicheland organiséiert Olympesch Spiller nees opliewen ze loossen, huet sech 1894 mat der Grënnung vum Internationalen Olympesche Kommitee zu Paräis realiséiert. De Pierre de Coubertin war den éischte President vun dëser Institutioun an huet dëse Poste bis 1925 behalen. 1896 goufen déi éischt Olympesch Spiller vun der Neizäit zu Athen organiséiert.
Am Juni 1910 gouf déi XI. Sëtzung vum Internationalen Olympesche Comité (IOC) am Cercle an der Stad ofgehalen. Fir un dës Réunioun z'erënneren ass um Verluerekascht eng Strooss nom de Coubertin benannt.
De Pierre de Coubertin huet sech intensiv mat der Sportspedagogik beschäftegt an eng Rei Artikelen doriwwer verfaasst. Hien huet d'Diskuswerfen, de Marathonlaf an de Fënnefkampf am moderne Sport agefouert.
No sengem Doud gouf säin Häerz zu Olympia begruewen.
1994 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Commons: Pierre de Coubertin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pierre de Coubertin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.