De Pierre Federspiel, gebuer den 20.
September">20. September 1864 a Clausen, gestuerwen den 19. Abrëll 1924 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.
Pierre Federspiel | |
---|---|
Gebuer | 20. September 1864 Clausen |
Gestuerwen | 19. Abrëll 1924 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
No der Primärschoul huet hie säin Handwierk beim Grafmécher Mergen um Lampertsbierg geléiert. Dank sengem kënschtlereschen Talent krut hien ee Subsid vum Staat fir e Studium op der Akademie der Bildenden Künste zu München, beim Professer Wilhelm von Rümann, ze maachen. Duerno goung hien nach op Paräis a Berlin, ier hien 1907 Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul gouf.
D'Rue Pierre Federspiel, déi deels um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an deels um Territoire vun der Gemeng Stroossen läit, krut dem Sculpteur säin Numm.
Commons: Pierre Federspiel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pierre Federspiel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.