Pierre Corneille: Franséischen Theaterschrëftsteller
De Pierre Corneille, gebuer de 6.
Juni">6. Juni 1606 zu Rouen a gestuerwen den 1. Oktober1684 zu Paräis, war e franséischen Auteur, dee virun allem Theaterstécker geschriwwen huet. Hie gëtt nieft dem Molière an dem Jean Racine als ee vun de grousse klasseschen Theaterschrëftsteller vum 17. Joerhonnert ugesinn.
Als jonke Mann stoung hien ënner dem Patronage vum Kardinol Richelieu, deen déi klassesch Tragediën (an niewelaanscht d'absolutistesch Monarchie) promouvéiere wollt, huet sech awer méi spéit mat him zerworf, besonnesch wéinst sengem bekanntste Stéck Le Cid, well en doranner d'Prinzip vun der Unitéit vun Zäit, Handlung a Plaz net agehalen huet. Trotzdeem sollt hie 1647 an déi vum Richelieu gegrënnt Académie française opgeholl ginn.
Nieft dem Cid huet hien iwwer 40 Joer mat Succès eng 35 Theaterstécker publizéiert, dorënner L'Illusion comique, Horace a Cinna.
1644, resp. 1648 a 1660 huet hie Sammelbänn vu senge Stécker erausbruecht.
Wierker
(D'Benennunge vun de Stécker als tragédie, comédie oder tragi-comédie sinn déi vum Corneille selwer. D'Joreszuele sinn déi vun der Zäit wou d'Wierk geschriwwe gouf.)
Mélite (comédie), 1625 (?)
Clitandre (tragi-comédie, spéider an tragédie ëmgenannt), 1630/31
La Veuve, Ou le Traître trahi (comédie), 1631/32
La Galerie du Palais (comédie), 1632/33
La Place Royale (comédie), 1634
Médée (tragédie), 1635
L'Illusion comique (comédie), 1636
Le Cid (tragi-comédie, spéider an tragédie ëmbenannt), 1636/1637
Horace (tragédie), 1640
Cinna ou la clémence d'Auguste (tragédie), 1641
Polyeucte (tragédie), 1643
La Mort de Pompée (tragédie), 1641/42
Le Menteur (comédie), 1643
La Suite du Menteur (comédie), 1643
Rodogune (tragédie), 1644
Théodore (tragédie chrétienne), 1645
Héraclius (tragédie), 1646
Andromède (tragédie), 1647
Don Sanche d'Aragon (comédie héroïque), 1649
Nicomède (tragédie), 1650
Pertharite (tragédie), 1651
Œdipe (tragédie), 1658/59
Trois Discours sur la poésie dramatique, 1660
La Toison d'or (tragédie), 1660
Sertorius (tragédie), 1662
Othon (tragédie), 1664
Agésilas (tragédie), 1666
Attila (tragédie), 1667
Tite et Bérénice (comédie héroïque), 1670
Psyché, 1671 (De Plang an den Ufank vun dëser "Ballet-Tragedie" si vum Molière.)
Pulchérie (comédie heroïque), 1672
Les victoires du Roi sur les États de Hollande en l'année 1672, (Gedicht fir de Louis XIV.), 1672
Suréna (tragédie), 1674
Literatur
Georges Couton: Corneille et la tragédie politique. Paris 1985 (Kollektioun „Que sais-je?“)
Georges Forestier: Essai de génétique théâtrale: Corneille à l'oeuvre. Klincksieck, Paris 1996, ISBN 2-252-03059-3
Angela S. Goulet: L'univers théâtral de Corneille: paradoxe et subtilité héroïques. Cambridge, Mass. 1978, ISBN 0-674-92928-4
Klaus Heitmann: Das französische Theater des 16. und 17. Jh., in: Klaus von See (Hrsg.): Neues Handbuch der Literaturwissenschaft, Bde. 9/10. Frankfurt 1972; zu Corneille vgl. S. 278-289
Erich Köhler, Vorlesungen zur Geschichte der französischen Literatur. Vorklassik. Stuttgart: Kohlhammer, 1983 (S. 117-189)
Wolfgang Mittag: Individuum und Staat im dramatischen Werk Pierre Corneilles. Diss. Münster 1976
Ralf Nestmeyer: Französische Dichter und ihre Häuser. Insel Verlag, Frankfurt 2005. ISBN 3-458-34793-3
A. Ritter: Bibliographie zu Corneille. 1958-1983, Erftstadt 1983
Horst Turk: Theater und Drama - theoretische Konzepte von Corneille bis Dürrenmatt, Narr, Tübingen 1992, ISBN 3-87808-388-2
Schneider, Reinhold: Corneilles Ethos in der Ära Ludwigs XIV.: E. Studie, Baden-Baden: Bühler, 1947
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pierre Corneille, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.